Wat déi inhaltlech Kritiken ubelaangt, riicht sech eng éischt géint de Prinzip “silence vaut refus” am geplangte Versammlungsgesetz.
Demokratesch Rechter ginn ageschränkt
Am Avant-projet vum Gesetz steet, datt wann den Organisateur vun engem Rassemblement bannent fënnef Deeg keng Äntwert vun der Gemeng kritt, déi Versammlung net stattfannen dierf. Dat géif dozou féieren, datt een zum Beispill kee Protest-Piquet kuerzfristeg kéint organiséieren. Fir Voĉo eng kloer Aschränkung vun demokratesche Rechter, seet d'Magali Paulus.
"Le Droit de manifester est une liberté fondamentale qui est réglée notamment par différents textes nationaux et internationaux. Et donc on considère que ce texte détermine en fait un passage d'une simple notification à une autorisation. Donc c'est une véritable régression pour nous. Et il donne aussi, comme le Platzverweis, de nouveau beaucoup plus de pouvoir à la police et notamment aux bourgmestres."
Platzverweis trëfft virun allem déi vulnerabelst Leit
Stéchwuert Platzverweis: Dorëms geet et am zweeten Avis vu Voĉo am Zesummenhang mam Gesetzesprojet iwwer de Platzverweis renforcé. An och do gëtt kritiséiert, datt d'Police an d'Buergermeeschteren ze vill Muecht kréie kéint, esou den David Pereira vun Amnesty International.
"Alors, de façon plus générale, étant donné que c'est libre à interprétation au niveau de certaines définitions, et bien ça peut toucher chaque citoyen, lors d'un événement, un événement sportif, une manifestation, un piquet, n'importe quel moment, chacun, même la presse, peut déranger en leur demande alors de partir, de sortir, et s'ils reviennent, et bien ils s'exposent à des mesures extrêmement compliquées. Et donc tout ça n'est pas géré par le ministère en charge de la sécurité intérieure, non, ce seront les bourgmestres dont le pouvoir sont renforcés et qui ne sont pas à même de pouvoir prendre de telles décisions.
Weider betount den David Pereira, datt de Platzverweis sech virun allem géint Heescherten a Sans-abrie riicht, déi och esou schonn an enger prekärer Situatioun wieren. Op déi Manéier géifen d'Haaptursaache vun Aarmut oder Drogenofhängegkeet op jidde Fall net aus der Welt geschaf kréien.