Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Joesef - Stephanie's Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2024 manner Verurteelunge wéinst Fahrerflucht wéi virun 10 Joer

Justiz

2024 manner Verurteelunge wéinst Fahrerflucht wéi virun 10 Joer

Zu Lëtzebuerg ass d’Zuel vun de Verurteelungen am Zesummenhang mat Fahrerflucht, an de leschte Joren däitlech zeréckgaangen. 2024 goufen 166 Persoune wéinst Fahrerflucht no engem Accident verurteelt. Am Verglach zu 321 am Joer 2015.

auto_stories

1 min

Déi Zuelen nennt den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann.

Tëschent 2017 an 2024 huet d’Police 597 Fäll registréiert, bei deenen Délit de fuite zu Blessuren oder engem Doudesfall gefouert huet. Dobäi gouf an engem eenzege Fall en Doudesaffer gemellt.

Am Zäitraum vun 2020 bis 2024 konnten an iwwer 2.400 Fäll, déi vum Parquet zu Lëtzebuerg behandelt goufen, d'Täter an der Majoritéit net identifizéiert ginn.