Radioen

On air

Moiesstudio  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schëfflenger LSAP dementéiert aktiivt Beméien ëm den Admir Civovic

Schëfflenger Gemengerot

Schëfflenger LSAP dementéiert aktiivt Beméien ëm den Admir Civovic

Déi Schëfflenger LSAP huet gëschter kloer gemaach, datt si näischt mam Parteiaustrëtt bei de Lénke vum Conseiller Admir Civovic ze doen hätt. An engem Communiqué hu si dementéiert, datt si sech aktiv ëm hie beméit hätten, sou wéi dat vun déi Lénk duergestallt gi wier.

auto_stories

1 min

No internen Iwwerleeungen a Reuniounen hätt d’LSAP d‘Demande vum Admir Civovic ugeholl, fir Member ze ginn, heescht et am Schreiwes. Hien wäert an Zukunft awer als Onofhängegen am Gemengerot weiderschaffen. Well och wann den Admir Civovic Member bei der LSAP gëtt, kréich d’LSAP-Fraktioun am Gemengerot doduerch kee Sëtz bäi.