Radioen

On air

Notturno  |  Jon Lucien - World Of Joy

play_arrow Live
search

/ Frankräich: Optakt vum Prozess géingt sechs Schüler

Nom Mord um Geschichtsprofesser Samuel Paty

Frankräich: Optakt vum Prozess géingt sechs Schüler

Dräi Joer nom Mord vum Professer Samuel Paty a Frankräich fänkt haut virum Jugendgeriicht zu Paräis de Prozess géint sechs Schüler un. Si kréie virgehäit, an de Mord verwéckelt gewiescht ze sinn.

auto_stories

1 min

De Geschichtsprofesser Samuel Paty war am Oktober 2020 am Alter vu 47 Joer an engem Paräisser Viruert ermort an duerno gekäppt ginn. D‘Police huet den 18-Joer alen Täter mat russesch-tschetscheenesche Wuerzelen erschoss.

D‘Verbrieche gouf als islamistesch motivéiert terroristesch Attack agestuuft.