Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump attackéiert d'US-Justiz op senger Plattform Truth Social

Direkten Appell fir ee Riichter ofzesetzen

Den Donald Trump attackéiert d'US-Justiz op senger Plattform Truth Social

Den US-President huet op senger Plattform Truth Social een Appell lancéiert, fir dee Riichter ofzesetzen, deen ënner anerem d‘Ausweisung aus den USA vu ronn 200 presuméierte Gangmember aus dem Venezuela suspendéiert huet. Et ass dem Trump seng direktst Attack bis ewell géint d‘US-Justiz-Autoritéiten.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP)

Den US-President hat fir d‘Ausweisungen op ee Krichsgesetz vun 1798 zeréckgegraff. Mee ier d‘Leit ausgewise géife ginn, misst d‘Rechtméissegkeet vun där Demarche gepréift ginn, esou de Riichter James Boasberg. D‘Trump-Regierung huet d‘Ausweisungen awer net gestoppt, ass awer der Meenung, datt se domat net géint d‘Gesetz verstouss hätt, well d‘Fliger mat de Migranten u Bord schonn an der Loft gewiescht wieren.

Den US-President behaapt generell, datt Riichter hie géifen dorun hënneren, fir säi Walprogramm – notamment a Saachen Immigratioun a Budgetsreform – ëmzesetzen.