Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Obongjayar - Just My Luck

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie kanadesche Premier wëllt Liene mat “zouverlässlechen Alliéierten" verstäerken

Declaratioun op Frankräich-Rees

Neie kanadesche Premier wëllt Liene mat “zouverlässlechen Alliéierten" verstäerken

Den neie kanadesche Premier Mark Carney huet Traditioune bäibehalen: Fir seng éischt Auslandsrees huet hie Frankräich a Groussbritannien amplaz d'USA gewielt. D’Spannungen tëschent béide Länner si grouss. Den Donald Trump huet seng Ambitioun widderholl, fir aus Kanada een amerikanesche Staat ze maachen. De Carney wëll seng Frëndschaft mat Frankräich a Groussbritannie stäerken. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Mark Carney | © picture alliance / NurPhoto | Artur Widak play_arrow
Mark Carney (Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Marie Billion (London)

"D’Vereenegt Kinnekräich a Kanada sinn eng alliéiert a Frënn". Dat sot de brittesche Premier an enger Pressematdeelung no senger Reunioun mat sengem kanadeschen Homolog.

“Mir brauche keen anert Land fir eis Souveränitéit ze validéieren"

Am Géigesaz zum franséische President Emmanuel Macron ass de Keir Starmer awer net nieft dem Mark Carney op enger Pressekonferenz no hirem Interview opgetrueden. E puer Leit gesinn et als Manktem u Solidaritéit mat Kanada an als eng Aart a Weis, fir d’USA net ze vill op d’Féiss ze trëppelen. Mee de kanadesche Premierminister huet dat net esou gesinn.

“Mir brauche keen anert Land fir eis Souveränitéit ze validéieren. Mir si souverän. Ech betounen awer, datt de Premier op eise gemeinsame Souverain an der Persoun vum Kinnek Charles III. opmierksam gemaach huet.”

Douce Diplomatie

Well ier de Marc Carney de Keir Starmer begéint huet, huet de hie mam Kinnek am Buckingham Palace geschwat. Déi zwee hu sech scho begéint, wéi de Mark Carney nach “Govenor” vun der Bank of England war. De Kinnek kann d'Politik net beaflossen, mee dës Reunioun huet vill Bedeitung, well den Donald Trump déi brittesch Monarchie respektéiert an eng Invitatioun op eng zweet Staatsvisitt ugeholl huet.

D'Frëndschaft, déi den Charles III. mat Kanada gefleegt huet a virun de Kamerae gewisen huet, ass een Akt vun doucer Diplomatie, déi d'Markenzeeche vum Buckingham Palace ass. 

Lauschterenplay_arrow