Och d'Lëtzebuerger Air Rescue war mat engem Helikopter am Asaz an huet 4 Patienten an d'Ausland geflunn. Zwee an Ungarn an zwee a Kroatien, wéi vum Innen- an Ausseministère matgedeelt gouf.
Lëtzebuerg huet nieft anere Staaten, am Kader vum EU-Protection-civile-Mechanismus, direkt no der Brandkatastroph Hëllef ugebueden.