search

/ SEW éischter skeptesch vis-à-vis vun neiem KI-Kompass

Educatioun

|
headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow

SEW éischter skeptesch vis-à-vis vun neiem KI-Kompass

Nodeems den DP-Educatiounsminister Claude Meisch déi éischt Linne vum KI-Kompass - also der Strategie fir Kënschtlech Intelligenz an de Coursen - virgestallt huet, reagéiert d'Enseignantsgewerkschaft SEW éischter skeptesch. D'Vera Dockendorf vum SEW/OGBL war am 100,7-Interview.

headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Vera Dockendorf  | © Michelle Barthel
Vera Dockendorf (Foto: Michelle Barthel )

D'Majoritéit vum Léierpersonal géife schonn ëmdenken a sech iwwerleeën, wéi eng Hausaufgaben ee kéint ginn, bei deenen d'Schüler:inne manner gutt KI kënnen asetzen. Wann een nämlech Hausaufgabe géif ginn, bei deenen ee gutt KI kann asetzen, da wier de Risiko ganz grouss, datt och KI benotzt gëtt.

“Dat mierke mir massiv, grad wa mir Saachen doheem ze schreiwe ginn. Dat mierkt een dann ëmmer, well de Stil ganz ongewéinlech ass an net zu deem passt, wat mir an de Prüfunge léieren.”

Deelweis hätt och den Inhalt vun den Texter guer näischt mat deem Text ze dinn, deen eigentlech ze analyséiere wier.

Fir e Plagiat ze beweise wier och net esou einfach, seet d'Vera Dockendorf. Et bräicht een elo KI-Detecteuren. Dem Educatiounsministère no dierft een déi awer als Beweislag net notzen. Et dierft ee se zwar fir sech selwer huelen, wann een "esou e Gefill hätt", mee et misst een éischter d'Gespréich mam Schüler/der Schülerin sichen.

Et wier eeben eng nei Aart a Weis ze schaffe mat Kënschtlecher Intelligenz. Zum Deel kéint een de Schüler:inne bäibrénge KI richteg ze benotzen an et korrekt ze dokumentéieren, esou datt se besser ze retracéieren ass.

Riseg Erausfuerderungen

Am KI-Kompass steet dran, datt Schüler:inne leiere solle kritesch mat KI ëmzegoen. Dofir bräicht et awer d'Kärkompetenzen an de Sproochen zum Beispill an den SEW ass der Meenung, datt déi net méi richteg am Mëttelpunkt géife stoen, esou d'Vera Dockendorf.

Virun allem wann elo nach eng Stonn Sproochen duerch eng Sportsstonn ersat gëtt.

“Do feelt jo dann erëm eng Stonn, wou mir liese kënnen trainéieren, wou mir Sprooch kënnen hunn, wou mir Argumenter kënne formuléieren an eebe grad dat Handwierk erléieren, fir kritesch mat enger KI ëmzegoen.”

De KI-Kompass géif iwwerdeems e Käschten intensive Plang ginn an et dierft een och net vergiessen, datt d'Schüler:innen an der Fräizäit scho vill Zäit virum Ecran sëtzen a mat KI géif dat an der Coursen och méi ginn, esou nach d'Vera Dockendorf.

play_arrow Lauschteren