arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Educatiounsministère schafft neit Schoulmaterial fir nächst Rentrée aus

SCRIPT

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Educatiounsministère schafft neit Schoulmaterial fir nächst Rentrée aus

Fir d’Schoul-Rentrée 2026-2027 gëtt et am Fondamental eng wesentlech Ännerung mat enger Alphabetiséierung op däitsch oder op franséisch, jee no sproochlechen Hannergrënn an der Famill. Deemno soll elo dofir neit Schoulmeterial vum Script ausgeschafft ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Taylan Gökalp
(Foto: picture alliance/dpa | Taylan Gökalp)

Den Educatiounsministère ass elo am gaangen neit Schoulmaterial auszeschaffen, dat huet den DP-Minister Claude Meisch an enger parlamentarescher Fro, vun den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann präziséiert. D’Material soll vun 2027 generaliséiert ginn.

D’Léiermaterial, dat aktuell nach an de Schoule bei der Alphabetiséierung agesat gëtt, ass 2003 ausgeschafft ginn, zu enger Zäit wou d’Majoritéit vun de Schüler:innen doheem entweder lëtzebuergesch oder däitsch geschwat hunn. Haut ass dat nach fir een Drëttel vun de Schüler:innen de Fall.

An Tëschenzäit hu pädagogesch Ekippen am Fondamental alternatiivt Material agesat fir d’Alphabetiséierung un d’Besoine vun de Schüler:innen unzepassen, eppes wat och erlaabt ass.

Well awer dat Material net optimal ass fir dat Lëtzebuerger Ëmfeld, weder wat d’Sprooch, Didaktik oder d’Kultur ugeet, krut de Script den Optrag neit Material auszeschaffen. De Script, ass de Service vum Educatiounsministère, dee sech ëm pädagogescht Material an Innovatioun këmmert.

Publicatioun fir 2027 geplangt

Dee Programm géif als komplette Léiersystem konzipéiert ginn, mat 10 Léierhefter, grad ewéi Héiertexter, Lidder, manuell an digital Übungsmaterial. D’Material gëtt souwuel fir déi däitsch ewéi och déi franséisch Alphabetiséierung realiséiert.

D’Publicatioun ass fir 2027 geplangt, mee éischt Tester géife schonn an dësem an am nächste Schouljoer als Pilotprojet realiséiert ginn. D’Fro déi sech och géif stellen ass ob een Däitsch als Friemsprooch, éischt Sprooch oder eng Bréckesprooch behandele soll.

Dat géif vu Fall zu Fall anescht ausgesinn, äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch. Schüler:inne mat engem däitschen oder Lëtzebuerger familiären Hannergrond kéinten éischter Modeller als éischt Sprooch proposéiert kréien.

Anerer géifen Däitsch als Friemsprooch enseignéiert kréien, an een drëtte Grupp kritt dann däitsch als zweet sprooch nieft lëtzebuergesch oder franséisch ugebueden.  

play_arrow Lauschteren