Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Ab Und Zu

play_arrow Live
search

/ Russesch Liwwerungen u Liewensmëttel soll ausgebaut ginn

Russland-Nordkorea

Russesch Liwwerungen u Liewensmëttel soll ausgebaut ginn

Russland an Nordkorea wëllen hir gemeinsam Zesummenaarbecht weider verdéiwen. Béid Länner wëllen deemno zesummen no Pëtrol a Gas virun der koreanescher Küst sichen, huet de russesche Minister fir natierlech Ressourcen a Buedemschätz no der Renconter vun enger bilateraler Regierungskommissioun matgedeelt.

auto_stories

1 min

Donieft sollten och déi russesch Liwwerunge vu Miel, Mais a Soja-Ueleg an Nordkorea weider developpéiert ginn. De Vereenten Natiounen no ass d‘Versuergungssituatioun an Nordkorea ganz prekär. D‘Land ass extrem vun der Baussewelt ofgeschnidden. 

Ëmmer nees gëtt et Berichter iwwer Honger am Land. De russesche Minister huet oppe gelooss wat Pjöngjang am Géigenzuch fir d‘Liewensmëttel u Moskau soll liwweren. De Kremlchef Wladimir Putin war am September op Visitt beim nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un an hat dobäi vill Rëschtungsfirme besicht.