arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Amëschunge maache moldawescher Regierung Suergen

Visitt vum Xavier Bettel

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Russesch Amëschunge maache moldawescher Regierung Suergen

D’Amëschunge vu Russland an déi moldawesch Parlamentswale wier dat, wat der moldawescher Regierung am meeschte Suerge géif maachen. Dat war dem Ausseminister Xavier Bettel säi Constat nom éischten Dag vu senger Visitt a Moldawien.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

D'Haaptthema haut um Méindeg war ëmmer nees e méiglechen EU-Bäitrëtt vum osteuropäesche Land.

Rumänien als Warnung

Um éischten Dag vum DP-Ausseminister Xavier Bettel senger Visitt a Moldawien zesumme mat de BeNeLux-Partner stoungen ënner Anerem Rendez-vousen mat der pro-europäescher Presidentin Maia Sandu an dem Ausseminister Mihai Popsoi um Programm.

D’Interferenz vu Russland an de moldawesche Walkampf en Vue vun de Parlamentswalen Enn September maachen hinne Suergen.

"Si gesinn och nämlech, dass déi russesch Regierung ganz, ganz vill Suen hei investéiert, fir am Fong eng Destabilisatioun ze maachen, Fake News ze verbreeden, de Leit zum Beispill se och Suen ze verspriechen, andeems si soen: 'Hei, wann Dir dat heite maacht, da kritt Dir esou vill'."

A Rumänie wier et Russland jo scho gelongen, déi Persoun un d’Spëtzt ze bréngen, déi hinnen e gewëssen Afloss garantéiert, esou nach de Xavier Bettel.

Xavier Bettel betount: Fir EU-Bäitrëtt muss ee Krittären erfëllen

Den Ausseminister gëtt es awer net midd ze ernimmen, datt een de Moldawier kee Choix wéilt opdrécken. Fir hie wier et awer kloer, fir wéi eng Richtung hie sech decidéiere géif. Dacks géifen d’Leit nämlech de wichtegsten Atout vun der EU iwwersinn, nämlech dee vum Fridden.

"Moldawien ass e Land, wat ganz enk mat Rumänie verbonnen ass - Dir gesitt hei iwwerall Europafändelen - an eben och doduerch Loscht huet, bei deem europäesche Friddensprojet matzemaachen. Dat eenzegt, wat ass, et gi Krittären. Wann déi erfëllt sinn, kënne si matmaachen, a wann déi net erfëllt sinn, eben net."

An d’EU ze komme wier schliisslech kee Keessentirang, wou ee sech einfach zerwéiere kéint, esou de Lëtzebuerger Ausseminister. Moldawie géif awer wichteg Efforten a Richtung EU-Bäitrëtt maachen, notamment wat d’Korruptiounsbekämpfung géif ugoen, esou nach de Xavier Bettel.

play_arrow Lauschteren