Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Reseau vun de Centre-culturellen zu Lëtzebuerg steet hannert dem Alborz Teymoorzadeh

Kultur

Reseau vun de Centre-culturellen zu Lëtzebuerg steet hannert dem Alborz Teymoorzadeh

De Reseau vun de Centre-culturellen zu Lëtzebuerg weist sech iwwerrascht, datt den Alborz Teymoorzadeh ausgewise ginn ass. Zemools, well et sech géif ëm en iraneschen Artist handelen, diploméiert vun der Uni Lëtzebuerg, deen um Punkt gewiescht wier fir een CDI an engem Centre culturel hei am Land ze ënnerschreiwen.

auto_stories

1 min

© Daniel Fragoso

Virun allem d’Motiver vum Ministère fir hien auszeweise géifen interpelléieren. Deemno gouf eleng dorop bewäert, wéi eng ekonomesch Leeschtung en zu Lëtzebuerg bréngt. Mee dësen Artist hätt mat ville kulturellen Institutioune kollaboréiert a wier och ënnerstëtzt ginn. An dat wier ënnert anerem de Grond gewiescht fir säi Permis de Séjour iwwerhaapt ze kréien.

Dobäi kéim, datt den Terme “valeur économique” am Kader vun der Kultur inappropriéiert wier. Kultur géif zum Zesummeliewe bäidroen, zu enger Kreativer Gesellschaft an zur Inclusioun, esou de Réseau vun de regionale Centre-culturellen.