arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet: Affär Namasté kritt keng penal Suitten

Lycée Hubert Clement Esch

|
headphones

1 min

Parquet: Affär Namasté kritt keng penal Suitten

De Parquet Lëtzebuerg huet decidéiert, datt dëse Fall ouni Suitte klasséiert gëtt. De penale Volet vun der Affär wier zou.

headphones

1 min

D'Cité Judiciare | © Serge Kesseler
D'Cité Judiciare (Foto: Serge Kesseler)

No engem Signalement am Oktober 2024 war eng Enquête préliminaire opgemaach ginn. De 7. Januar 2025 goufen et Perquisitiounen a Leit goufe vun der PJ verhéiert.

Beim Signalement goung et ëm “faits graves à connotation sexuelle susceptibles de constituer des infractions pénales”, esou de Parquet Lëtzebuerg.

D’Investigatioun hätten et erlaabt, de Kontext vun de Faiten ze klären.

“Si certains comportements ont pu apparaître discutables d’un point de vue déontologique ou éthique, l’enquête n’a toutefois pas permis d’établir l’existence d’infractions pénales, en particulier d’abus sexuels, tels que décrits initialement dans le signalement.”

Dowéinst hätt de Parquet decidéiert, de Fall ouni Suitten ze klasséieren.

Dës Entscheedung géif just déi penal Appreciatioun vun de Faite betreffen, also net eventuell disziplinaresch Konsequenzen duerch aner Instanzen, notéiert de Parquet Lëtzebuerg a sengem Communiqué.

Educatiounsministère: keng disziplinaresch Poursuitten

No der Matdeelung vum Parquet Lëtzebuerg, huet den Educatiounsministère matgedeelt, datt e keng disziplinaresch Poursuitten entaméiert, géint déi Beamten, déi vun der Enquête viséiert waren.