An der Spart Sachbuch gouf "Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr" vun der Inna Ganschow geéiert. Bei der Kanner-a Jugendliteratur huet d'Buch "KrixKrax" vum Marc Weydert a Patty Thielen de Jury am meeschten iwwerzeegt.
De Lëtzebuerger Buchpräis gëtt all Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg iwwerreecht, déi nees dëse Weekend sinn.
Lauschtert hei d’Gespréich vun der Historikerin Inna Ganschow mam Maurice Molitor iwwer hiert neit Buch. Et beliicht den Alldag an d’Aarbechtsbedéngungen vu Russen, Wäissrussen an Ukrainer, déi vun de Preisen op Lëtzebuerg verschleeft goufe fir hei ze schaffen.