arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Archeologie nei an Zeen setzen: Déifgräifend Aarbechten am Nationalmusée

Nationalmusée um Fëschmaart

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Archeologie nei an Zeen setzen: Déifgräifend Aarbechten am Nationalmusée

Op den Departement Archeologie vum Musée um Fëschmaart kommen déifgräifend Aarbechten duer. Déi nächst Joren iwwer wäerten déi 5 Stäck iwwer d’Archeologie, déi zum Deel am Fiels vun der Alstad leien, nämlech sanéiert ginn, vue datt Entretiensaarbechten un der Struktur vum Gebai néideg sinn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Nationalmusée um Fëschmaart | © https://www.mnaha.lu/
Nationalmusée um Fëschmaart (Foto: https://www.mnaha.lu/)

Am 100,7-Interview seet d’Directrice Tania Brugnoni, datt no 23 Joer verschidden Interventiounen néideg wieren. 2002 war den Nationalmusée nei opgaangen. Dofir géif d’Sektioun Archeologie no engem knappe Véierelsjoerhonnert erneiert ginn.

Plaz schafe fir nei Artefakter

An där Zäit wiere ganz vill Saachen zu Lëtzebuerg fonnt ginn, an dës nei Stécker wéilt een och an neier Form presentéieren, esou d’Nofollgerin vum Michel Polfer. Deen hätt dëse Projet ugestouss an als Archeolog vu Formatioun Viraarbecht geleescht fir déi nei Sektioun, erkläert d’Tania Brugnon, fir déi nach onkloer ass, wéini d’Aarbechten ufänken. Et géif awer wuel eleng schonn e Joer daueren, fir déi ganz Sektioun ze raumen.

“An der Archeologie ass net nëmmen Terra sigillata oder Keramiksdëppercher, mee mir hunn do Steng och, Fundstécker, déi e puer Tonne weien.”

Nom Raume géifen dann d’Aarbechten u sech ufänken, fir déi ee bis zwee Joer ageplangt ginn. Dono géif dann un der neier Scénographie geschafft ginn, fir déi 5 Stäck anescht ze presentéieren.

“Wichteg fir eis ass och an deem Kontext, datt mir et e bësse méi zougänglech maachen, am Kader vun enger Demokratisatioun vun der Kultur, dat e bësse méi zäitgenëssesch opaarbechte kënnen.”

Virtuell Realitéit fir de Leit d'Exponater méi no ze bréngen

Ënner dem Stréch geet d’Directrice vum Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art vun engem Zäitkader vu 4 bis 5 Joer fir déi Aarbechten aus. Schliisslech wéilt een d’Exponater och multimedial erklären, vläicht ënner anerem virtuell Realitéit mat abauen, spréch eng méi zäitgenëssesch Presentatioun ubidden. Wat Archeologie hei am Land ass, soll een Erliefnis ginn, betount d’Tania Brugnoni, eng aner Experienz.

“Dat, wat an deene leschten 23 Joer passéiert ass, gëllt et op alle Fall och nach mat ze integréieren.”

Dofir géif et awer net zu engem Ausbau kommen. Dat heescht, et geet een net méi déif an de Fiels, fir méi Plaz ze hunn. Villméi wéilt een op deem aktuelle Raum méi weisen an erzielen, wéi a wou ausgestallte Stécker fonnt goufen.

Wat de Musée um Fëschmaart selwer ugeet seet deem seng Directrice, datt et och an anere Sektiounen an den nächste Joren Neierunge wäert ginn. Donieft wënscht sech d’Tania Brugnoni, datt de Musée méi no un d’Gesellschaft eruréckelt an enges Daags zum Alldag vun de Lëtzebuerger gehéiert.

play_arrow Lauschteren