Musek dierft net als "Schönfärberei" vu Krichsverbriechen déngen, esou de Message vun engen 30 Aktivisten an Aktivistinne vum CPJPO. Et wéilt een net eenzel Artiste viséieren, mee Institutiounen, huet et geheescht.
D'Philharmonie an den Israel Philharmonic Orchestra missten e klore Statement ofginn, gouf gefuerdert.
Philharmonie reagéiert
Déi lescht Deeg gouf bekannt, datt e belsche Festival e Concert vun de Münchner Philarmoniker wéinst hirem israeeleschen Dirigent ofgesot huet. De Lahav Shani dirigéiert an den nächsten zwee Méint och zwee Concerten an der Philharmonie um Kierchbierg.
D'Philharmonie huet schrëftlech reagéiert: De Concert wier ee reng musikaleschen Ulass ouni politesche Message. "Déi international Diversitéit vun der aktueller Musekswelt" sollt reflektéiert ginn, esou d'Concertshaus. Et wéilt ee "weiderhi mat Artisten aus der ganzer Welt zesummeschaffen". Déi sollt een net Opgrond vun hirer Nationalitéit ausschléissen.