arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt”

Lëtzebuerger Sprooch

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

“Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt”

De 26. September ass eng éischte Kéier een “Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch”. De Kulturminister Eric Thill (DP) huet de Moien de Programm presentéiert, vun dësem symboleschen Dag ënnert dem Slogan “Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt”.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
v.l.n.r. de Carl Adalsteinsson, de Minister Eric Thill, de Pierre Reding | © Serge Kesseler
v.l.n.r. de Carl Adalsteinsson, de Minister Eric Thill, de Pierre Reding (Foto: Serge Kesseler)

Deen Dag ass ënner anerem e Concert mat den Artistinnen an Artisten Tommek, Nicool a Sixo, eng Konferenz iwwer digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg oder och ee Sproochequiz.

Wann déi Lëtzebuerger Sprooch gefeiert gëtt, da wier dat automatesch och ëmmer d’Méisproochegkeet, esou den Eric Thill. An der Sproochevielfalt hätt d’Lëtzebuergescht awer eng zentral Plaz.

“Et verbënnt eis mat eiser Geschicht an eiser Identitéit a stäerkt ganz kloer och déi sozial Kohäsioun. An dofir invitéieren ech och jiddereen Lëtzebuergesch ze schwätzen, egal ob gutt oder och villäicht manner gutt, et geet drëm sech ze trauen, d'Sprooch ze benotzen an och deenen aneren d'Méiglechkeet ze ginn, sech ausdrécken ze kënnen. Dat ass och en Opruff u jiddereen, och dobaussen, dee Lëtzebuergesch schwätze kann, déi aner Leit Lëtzebuergesch schwätzen ze loossen, egal, wéi gesot, ob gutt oder manner gutt, an deemno hinnen och ze hëllefe sech kënne weider auszedrécken a vläicht nach besser mat der Lëtzebuerger Sprooch dann och eens ze ginn.”

De Moment géifen et ronn 10.000 Plaze pro Joer ginn, fir Lëtzebuergesch ze léieren, esou de Kulturminister. An der Stad Lëtzebuerg wieren all d’Plazen ausgebucht. Et géif doru geschafft ginn, d’Méiglechkeeten nach auszebauen an d’Coursë generell och méi un d’Demande unzepassen, huet den Eric Thill preziséiert.

An den nächste Woche wëllt de Minister iwwer seng “positiv Diskussioune” mat US-Techentreprisë kommunzéieren, fir déi Lëtzebuerger Sprooch an d’Outile vun dësen Entreprisë kënne mat anzebauen.

play_arrow Lauschteren