Radioen

On air

Simon Says  |  Wanda - Bologna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ René Ripasi: Keng schrëftlech Zouso fir Nicolas Schmit als EU-Kommissär

NICOLAS SCHMIT ODER CHRISTOPHE HANSEN?

René Ripasi: Keng schrëftlech Zouso fir Nicolas Schmit als EU-Kommissär

D’Fraktioun vun de Sozialisten am Europaparlament krut eng Äntwert op hire Bréif un d’Kommissiounscheffin, an deem si ënner anerem ee Poste fir hire Spëtzekandidat an der neier EU-Kommissioun gefuerdert haten. D’Ursula von der Leyen engagéiert sech do awer net.

auto_stories

2 min

Foto: European Parliament

Et gëtt keng schrëftlech Zouso vu Säite vun der Kommissiounscheffin, datt den Nicolas Schmit ee Posten an der zukünfteger Europäescher Kommissioun kritt. Dat sot de Chef vun der däitscher SPD-Delegatioun am Europaparlament, de René Ripasi, den Donneschdeg de Moien am Europaparlament. Ob mëndlech Aussoe gemaach goufen, wollt den Europadeputéierten net soen.

D'Fraktioun vun den europäesche Sozialisten hat ee Poste fir hire Spëtzekandidat an där neier EU-Kommissioun als ee vun de wichtege Punkten an hirem Fuerderungskatalog un d'Kommissiounspresidentin opgezielt an een entspriechende Bréif un d’Ursula von der Leyen geschéckt.

D’Äntwert läit elo vir. Eng Zouso, datt de sozialistesche Spëtzekandidat ee Posten an der Kommissioun kréie soll, gëtt et dora wuel net. “Mir ass keng schrëftlech Ausso bekannt”, sou de René Ripasi um Donneschdegmoien op eis Nofro hin.

Gespréicher mat der Lëtzebuerger Regierung

Et géif Gespréicher mat der Lëtzebuerger Regierung ginn, sou den däitsche Sozialdemokrat. Et wier jo d’Regierung, déi ee Kandidat fir de Poste vum EU-Kommissär proposéiere muss, an et misst sech fir si rentéieren, den Nicolas Schmit virzeschloen.

Hie selwer hätt der Kommissiounscheffin gesot, et wier an hirem Interêt, ee weidere Sozialist an hirem Cabinet ze hunn, well d’Kommissioun soss ze “riets” wier. Eng stabil Majoritéit fir hir politesch Projete misst sech am Cabinet vun de 26 EU-Kommissären a Kommissärinnen erëmspigelen.

Den Nicolas Schmit genéisst eng grouss “Autoritéit an eiser Fraktioun”, sou de René Ripasi. “Wann d’Ursula von der Leyen déi sozialdemokratesch Fraktioun u sech banne wëll, huet si ee groussen Interêt, hien an d’Kommissioun opzehuelen.”

Aktualitéit
Europa