Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU-Kommissiounverklot Ungarn nees virum Europäesche Geriichtshaff

Europäesch Union

D'EU-Kommissiounverklot Ungarn nees virum Europäesche Geriichtshaff

D’EU-Kommissioun verklot Ungarn op en Neits virum Europäesche Geriichtshaff. Grond dës Kéier ass, datt eng EU-Direktiv zu de Rechter vu Verdächtegten oder beschëllegte Persounen an enger Strofprozedur oder enger Prozedur fir d'Ausféiere vun engem europäeschen Haftbefeel net richteg géing ëmgesat ginn.

auto_stories

1 min

Ungarn EU | © picture alliance / SULUPRESS.DE
Foto: picture alliance / SULUPRESS.DE

Et geet ënnert anerem dorëmmer, datt ungaresch Bestëmmungen zu méiglechen Ofwäichunge vum Recht op Zougang zu juristeschem Bäistand géint EU-Recht verstousse kéint.

Ungarn gehéiert zu deene Länner, déi sech reegelméisseg wéinst Verstéiss géint EU-Recht virum Europäesche Geriichtshaff veräntwerte mussen. Fir d’lescht nach am Juni, well Asyldemandeure keen anstännegen Zougang zu Asylprozeduren hätten.