Radioen

On air

Notturno  |  Hal Flavin - The Talk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden um Zuch

ZWEET MANDAT FIR d'Ursula VON DER LEYEN

Luc Frieden um Zuch

D’Ursula von der Leyen gouf am Europaparlament mat enger confortabeler Majoritéit als Presidentin vun der Kommissioun gewielt. Si wëll elo hir Equipe zesummestellen a freet d’Regierungen, eng Fra an ee Mann als Kandidaten ze proposéieren - ausser wann ee Kommissär:in op sengem Poste bleift.

auto_stories

3 min

Ursula von der Leyen | © European Union
Foto: European Parliament

Um Enn war d’Resultat méi kloer ewéi viru fënnef Joer: 2019 krut d’Ursula von der Leyen just néng Stëmme méi ewéi si der gebraucht hat, fir gewielt ze ginn.

Des Kéier läit hire Score mat 401 Stëmme genee 41 Stëmmen iwwert där néideger absolutter Majoritéit.

“Dat ass also vill besser wéi déi leschte Kéier”, sot eng zefridden nei gewielte Kommissiounspresidentin

401 Stëmme fir d’Kandidatin von der Leyen

401 dat ass och exakt Zuel, déi erauskënnt, wann een d’Europadeputéiert vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen zesummenzielt. Et ass awer gewosst, datt net jidderee vun hinne fir d’Ursula von der Leyen gestëmmt huet.

Par conter war des Kéier ee groussen Deel vun den 53 Gréngen Europadeputéiert prett, déi Däitsch ze ënnerstëtzen.

Gréng Stëmme kéinten den Ausschlag ginn hunn

Gréng wier weder d’Ursula von der Leyen nach hire Programm, sot d’Cheffin vun deene Gréngen Terry Reintke an der Plenière - ma et wier wichteg, datt eng pro-europäesch a pro-demokratesch Majoritéit ouni déi extrem Droite zesummekomm ass.

Keng oder kaum Stëmme krut d’Ursula von der Leyen wuel aus der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer, zu deenen déi postfaschistesch Fratelli d’Italia gehéieren. Hire Chef sot nom Vott, déi Däitsch wier, Zitat “vun deene Grénge gerett ginn”.

Si wir frou, datt si vun der EVP, de Sozialisten an de Liberalen ënnerstëtzt gouf, sot nom Vott d’Ursula von der Leyen. Deene Gréngen huet si extra Merci gesot.

Et ass ee gutt Zeechen, datt si konnten iwwerzeegt ginn”, sou déi Däitsch CDU-Politikerin.

Vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert hu si eegenen Aussoen no alleguerte bis op de Fernand Kartheiser (ADR) fir d’Ursula von der Leyen gestëmmt.

Nei Kommissioun: Länner solle Mann a Fra proposéieren, mat enger Ausnam

Dee nächste Schratt gëtt da fir Lëtzebuerg nach spannend. D’Ursula von der Leyen wäert elo hir Equipe mat de 26 Kommissären zesummestellen.

D’Regierungscheffe solle jeeweils eng Fra an ee Mann proposéieren, sou hire Wonsch. Mat enger Ausnam, nämlech am Fall, wou ee Kommissär op sengem Poste bleift.

Mëtt August well d’Ursula von der Leyen d’Kandidaten interviewen. Lo ass also de Premier Luc Frieden um Zuch, eng Propos ze maachen.

Deen huet op eis Nofro och scho reagéiert: Hie wéilt an den nächsten Deeg als éischt e Gespréich mat der Madamm von der Leyen hunn a géif dann eng Propos maachen, sou de Premier Luc Frieden géintiwwer dem radio 100,7.

 

 

Aktualitéit
Europa