Den Dr. Tom Schlüter, President vun der ALMEVS, der Associatioun vun de médecins en voie de spécialisation, erkläert am 100,7-Interview d'Situatioun. Op där enger Säit hätt een eng ganz Rei Spezialisatiounen, déi elo och komplett op der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn, wéi zum Beispill médecine générale, neurologie, an oncologie médicale.
"Do huet een engersäits e Statut, wou de médecin en voie de spécialisation (MEVS) direkt independent ass an trotzdeem mat enger Konventioun un d'Uni an un d'Plaz, wou e schafft, gebonnen ass."
Op anerer Säit huet ee MEVS, déi Salariéë sinn, an notamment am CHL schaffen, erkläert den Dr. Tom Schlüter. Dobäi kéim nach een drëtte Grupp.
"An da gëtt et méi eng fräi Situatioun, wann MEVS vu gewëssenen Dokteschgruppen oder eenzelen Dokteren an den Hôpitaux Robert Schuman oder am Centre hospitalier Emile Mayrisch agestallt sinn. Do ass da méi Fräiheet fir den eenzelne Grupp, d'Konditiounen ze determinéieren."
Dat géing zu relativ ënnerschiddlechen Niveaue vu sozialer Sécherheet, vun Indemnisatioun an och vu Congéë féieren. An dat soll elo änneren.

Wien ass de Patron?
D'ALMEVS ass sech kierzlech mat de concernéierte Ministèren iwwer d'Kreatioun vun engem eenzege spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren eens ginn, deen d'selwecht ass, egal wou si schaffen.
Eng konkret Fro, déi sech gestallt huet, war déi vum Patron: Wien ass dat am Endeffekt elo? D'Demande vun der ALMEVS wier et gewiescht, ee ganz konkrete Salariatsstatut mat engem Patron ze fannen, erkläert den Dr. Tom Schlüter. Dat hätt sech awer dunn als méi komplex erausgestallt, well d'Leit op ganz villen ënnerschiddleche Plaze schaffen.
"De Ministère wäert net den Employeur au sens strict vun engem Salarié sinn, mee de Ministère wäert eng vun de Partie prenante sinn an och eng Aart Kontrollinstitutioun."
Nächst Verhandlungsphas fänkt ganz geschwënn un
De jonken Doktere geet et awer net just ëm e Statut: Si wëllen och, datt Froe wéi Remuneratioun (bis elo knapps méi wéi de qualifizéierte Mindestloun) oder Iwwerstonnen an Aarbechtszäiten ee fir allemol gereegelt ginn. Dat bleift nach ze maachen. Den Dr. Tom Schlüter erkläert, datt d'Volontéit vum Ministère do wier, fir déi Saachen ze verbesseren, mat Verweis, datt déi detailléiert inhaltlech Verhandlunge wäerten an eenzelen Aarbechtsgruppen elo an der nächster Phas - déi ganz deemnächst wäert ufänken - wäert stattfannen.
An un deene Verhandlunge sollen och de Collège médical, d'Spidolsfederatioun, d'AMMD, de Cercle vun de Generalisten an d'Uni bedeelegt ginn.
Bis elo steet just e prinzipiellen Accord, mee d'Associatioun vun de jonken Dokteschen an Dokteren, déi amgaange sinn, hir Spezialisatioun ze maachen, bewäert dee schonn als grousse Fortschrëtt, sou hire President Tom Schlüter.