arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Recht op Ofdreiwung an der Verfassung: D'Debatt huet 2025 gepräägt

Réckbléck

|
headphones

5 min

Recht op Ofdreiwung an der Verfassung: D'Debatt huet 2025 gepräägt

Lëtzebuerg kéint dat zweet Land op der Welt ginn, dat d'Ofdreiwung an d'Verfassung ophëlt, nodeems Frankräich dëst Recht am Mäerz 2024 konstitutionell verankert huet. Am schwaarz-bloe Koalitiounsaccord war dee Schrëtt net virgesinn.

headphones

5 min

Protestmanif zu L.A. fir d'Recht op Ofdreiwung  | © Bigstock
Protestmanif zu L.A. fir d'Recht op Ofdreiwung (Foto: Bigstock )

Et war eng Gesetzespropos vum lénken Deputéierte Marc Baum am Mee 2024, déi dee Steen zu Lëtzebuerg un d'Rulle bruecht huet an d’Joer 2025 mat markéiert huet.

Kloer Positioun vum Staatsrot 

Deen Text, deen de Marc Baum agereecht huet, krut am Juli dëst Joer vum Staatsrot unanime gréng Luucht. Och eng Rëtsch zivilgesellschaftlech Organisatiounen, dorënner beispillsweis de Planning familial, Amnesty International oder de CID Fraen an Gender hu sech hanner d'Propos vun déi Lénk gestallt.

An enger Chamberkommissioun vum 15. September hu sech d'Parteien eng éischte Kéier zu där Gesetzespropos vum Marc Baum geäussert. Hie selwer huet säi Virstouss domat erkläert, datt an den USA am Juni 2022 d'Suprême Court d'Recht op Ofdreiwung gekippt huet. Ee Recht, dat 50 Joer gegollt hätt, wier domat nees ofgeschaaft ginn. 

"Wat dozou gefouert huet, datt verschidde Staaten direkt legiferéiert hunn. An deelweis Verbueter ausgeschwat hunn, Verbueter, déi déi betraffe Fraen zu ganz, ganz prekär Situatioune bréngt."

Zivilgesellschaftlech Organisatioune stinn dohannert

Och d'Mënscherechtskommissioun CCDH huet een Avis zu der Gesetzespropos vum lénken Deputéierten ofginn a fonnt, d’Recht op den IGV wier enk verbonne mat anere Mënscherechter, notamment dem Recht op Privatsphär, op Gesondheet an op perséinlech Autonomie.

Virun där Debatt an der Chamberkommissioun de 15. September hu sech och eng Rei Fraerechtlerinne virum Chambersgebai zesummefonnt, fir nach emol hir Fuerderung ze widderhuelen, datt d'Recht soll an d'Verfassung kommen.

© Michelle Barthel
(Foto: Michelle Barthel)

Nëmmen esou kéint séchergestallt ginn, datt dat Recht, enger Schwangerschaft am fréie Stadium en Enn ze setzen, net an Zukunft géif a Fro gestallt oder limitéiert ginn. Besonnesch an deem globale politesche Klima, wou d'Rechter vun de Fraen an de marginaliséierte Genren op ganz ville Plaze mat Féiss getrëppelt ginn, esou d‘Argumentatioun vun den Associatiounen.

Besteet ee Risk zu Lëtzebuerg? 

Dee Risiko besteet an den Ae vum ADR-Deputéierte Fred Keup net, huet hie selwer an der zoustänneger Chamberkommissioun am September betount.

"Dir wësst jo ganz genee, datt d'Situatioun, wéi se haut ass, déi ass net déi vun de 50er Joren an déi, déi mir wäerten a 70 Joer hunn, ass net déi vun haut. Do wäerten aner Meenunge sinn, aner Iddie sinn, aner Reegele sinn. Ech gesinn am Moment hei am Land guer keng Gefor, datt dat Gesetz iergendwéi kéint ofgeschaaft ginn. An dofir gesi mir och net d'Necessitéit dovun, fir dat an d'Verfassung ze schreiwen."

An där selwechter Kommissioun gouf déi éischte Kéier iwwer den Term "Recht" u sech diskutéiert.

E Recht oder awer eng Fräiheet?

Op Initiativ vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann gouf an der Kommissioun de Begrëff "Fräiheet" amplaz "Recht" proposéiert. A Frankräich wier een änlechen Debat geféiert ginn, esou d'Carole Hartmann, an do hätt ee sech op de Kompromëss vun der "Liberté garantie" gëeenegt. 

"Dat heescht, wou d'Fra am Fong eng Libertéit zougesprach kritt iwwer d'Verfassung, déi herno an a verschiddene Konditiounen an dem Gesetz ka gereegelt ginn." 

Fir de Premier Luc Frieden war dat e Kompromëss, mat deem och hien a seng Partei liewe kënnen, sot hien Enn September bei de Kolleege vun RTL.

Oneenegkeet bannent der DP 

Iwwerraschend war éischter, datt et een DP-Deputéierten ass, dee bis haut ëmmer nees an d'Kritik geréit wéinst sengen Aussoen zu Ofdreiwung. Hie wier generell dogéint, datt Ofdreiwung sollt an d'Verfassung kommen, sot de Gerard Schockmel den 22. September bei eis op der Antenn.

"Ech mengen d'Ofdreiwung ass eigentlech am Konflikt mam Recht op Liewen. Well hei gëtt jo dann erlaabt, Liewen, dat um Entstoen ass, wärend deenen éischten zwielef Wochen därzäit ze beendegen an där Zäit, ouni datt et eng Begrënnung brauch an ouni datt et eng medezinesch Indikatioun brauch."

Domat wier hien net op Parteilinn, huet d'DP duerno kloergestallt. D'Deputéiert Barbara Agostino huet iwwerdeems domat gedreet, si géif aus der Partei austrieden, sollt sech d'DP net fir eng Verankerung an der Verfassung ausschwätzen.

Zweete positiven Avis vum Staatsrot 

An engem zweeten Avis huet sech de Staatsrot op en Neits mam Text auserneegesat a stellt kloer: Juristesch wier et egal, op de Begrëff "Recht" oder "Fräiheet" genotzt gëtt. Béides géif ënner fundamental Rechter falen a wieren domat d'selwecht geschützt. 

Esouwuel d'CSV- wéi och d'DP-Presidence hunn iwwerdeems gesot, datt si zwar prinzipiell fir d’Gesetzespropos wäerte stëmmen, datt et awer kee Fraktiounszwang géif gi beim Vott vum Text. Wéini dee wäert sinn, ass nach onkloer.

Et ass dovun auszegoen datt deen Text, mam Term Fräiheet, déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber kritt fir d'Ofdreiwung an d'Verfassung opzehuelen.