Fir de Feminicide sinn an deem italieenesche Gesetz liewenslänglech Prisongsstrofe virgesinn. Dem italieeneschen Inneministère no goufen et zejoert 113 Fäll vu Feminicide.
Weltwäit goufen der UNO no zejoert ronn 50.000 Fraen a Meedercher vun hirem Partner oder engem Familljemember ëmbruecht, hat d‘UNO um internationalen Dag géint d‘Gewalt géint Frae mat gedeelt.