arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entloossung vum Trainer wéinst "iwwergrëffege" Messagen u méi wéi 5 Spillerinnen

Dammen-Nationalekipp

|
headphones

1 min

Entloossung vum Trainer wéinst "iwwergrëffege" Messagen u méi wéi 5 Spillerinnen

D’Entloossung vum Fussball-Nationaltrainer vun den Dammen Dan Santos ass op "iwwergrëffeg" Messagë vum Coach un eng Rëtsch Spillerinnen zeréckzeféieren. Dat huet de Marc Diederich, Jurist vun der Federatioun FLF, eis op Nofro hi matgedeelt.

headphones

1 min

©  picture alliance / BILDBYRÅN | MATHIAS BERGELD
(Foto: picture alliance / BILDBYRÅN | MATHIAS BERGELD)

Virgëschter wären déi véier Kapitäninne vun der Ekipp un d’Carine Nardecchia erugetrueden, d’Presidentin vun der Dammen-Kommissioun bei der FLF, fir nom Match géint Schottland op Mëssstänn opmierksam ze maachen.

Verschidde Messagë ginn op 2022 zeréck 

D’Spillerinnen hätten dobäi e ganze Koup Messagë virgeluecht, iwwer Messenger, SMS a WhatsApp, déi den Dan Santos un "méi wéi 5 a manner wéi 10 Spillerinnen" geschéckt hätt, esou de Marc Diederich, iwwer méi e laangen Zäitraum.

Verschidde Messagë géifen op 2022 zeréckgoen, ma déi Zäit koum keng Spillerin op d’FLF zou. Op Grond vun de Beweiser, déi elo virloungen, hätt ee sech misse vum Trainer trennen, sou de Marc Diederich.

Muer ass eng Reunioun tëschent der Federatioun, de Spillerinnen an dem Staff, deen nach bleift, fir eng Léisung op sportlechem Plang ze fannen, dat virun den nächsten Nations League-Matcher.