Dee Bilan hunn déi zoustänneg Ministeschen Yuriko Backes, Elisabeth Margue a Martine Deprez haut presentéiert.
Fir nach méi Affer Hëllef ze offréieren, ass den CNVV zënter dem 1. Mee siwen Deeg an der Woch ronderëm d’Auer op. Dofir sinn d’Ekippe vum Centre national pour victimes verstäerkt ginn.
An Zukunft och Affekoten am Zentrum - Gratis fir d'Affer
Zousätzlech sollen a Zukunft och juristesch Consultatiounen op der Plaz ugebuede ginn. Dat ënner anerem an Zesummenaarbecht mam Justizministère an dem Barreau.
D’Justizministesch Elisabeth Margue erkläert, datt een Affekot sech an den Zentrum deplacéiere wäert.
"Deen eeben déi juristesch Froen, déi natierlech am Zesummenhang mat der Gewaltdot och stinn, wäert kënnen hëllefen. Dat ass e Service, dee wäert finanzéiert gi vum Justizministère an dee wäert an deem Sënn dann och fir d'Victime gratis sinn."
Déi Affekote wieren am Droit des victimes spezialiséiert, esou d'Justizministesch.
"Et ass schonn iwwerwältegend, wéi vill Affekote sech gemellt hunn. Et hu sech 67 Affekote bis elo gemellt. Si hunn Zäit bis Enn der Woch, fir sech ze mellen. Mee dat beweist, datt wierklech och do eng gewëss Solidaritéit ass."
Zwee Deeg an der Woch ass dës Consultatioun am Zentrum méiglech. D’Justizministesch betount, datt dëse Service net d'Offer vum “Service d'accueil et d'information” vum Barreau ersetze wäert.
Den CNVV ka sur Place, iwwer d’Helpline 20 60 10 60 an iwwer hiren Internetsite Violence.lu kontaktéiert ginn.