Fir d'éischte Kéier gouf zu Lëtzebuerg eng national Enquête iwwer déi sexuell an affektiv Gesondheet duerchgeféiert. Am Optrag vun der Santésdirektioun goufe bal 2.400 Persoune vun 18 Joer un ënner anerem zu hirer sexueller Orientéierung, Verhütung, sexuell iwwerdrobare Krankheeten a sexueller Gewalt befrot.
Am 100,7-Interview erkläert den Dokter Emmanuel Amsallem, Chef vun der Divisioun fir preventiv Medezin bei der Santésdirektioun, datt d’Etüd virun allem soll hëllefen, Problemer besser ze identifizéieren an d'Preventioun unzepassen.
“L'objectif de cette étude, c'était de pouvoir un peu connaître les problématiques que l'on pouvait avoir sur les IST, les comportements, les représentations, sur aussi l'utilisation de la contraception, mais également sur le genre, l'attirance sexuelle, l'orientation sexuelle, et aussi sur des aspects de violence autour du consentement, du viol, et enfin sur les Et l'éducation à la santé, qui nous semble aussi un levier important.”
Hien huet sech iwwerdeems positiv iwwerrascht gewisen, datt och op ganz perséinlech Froen nëmme ganz wéineg Participantë keng Äntwert wollte ginn.
Sexuell Gewalt bleift eng grouss Erausfuerderung
Der Enquête no hunn 8 Prozent vun de Befroten uginn, schonn Affer vun enger Vergewaltegung gewiescht ze sinn. Nëmmen 15 Prozent vun hinnen hunn eng Plainte agereecht. Ausserdeem soe 34 Prozent, si hätte schonn Drock vun engem Partner verspiert, fir sexuell Relatiounen anzegoen.
Fir den Dr. Emmanuel Amsallem weisen dës Zuelen, datt nach vill Aarbecht virun de Responsabele läit.
“Quand je dis qu'on a du travail, ça veut dire que, oui, il va falloir faire certaines choses pour que les victimes ou les personnes ayant subi un viol puissent aussi en parler, puissent s'exprimer. Et on a des choses qui vont dans ce sens-là, comme le CNVV qui a été mis en place pour ça.”
Vill fillen sech gutt informéiert – awer et gëtt Informatiounslücken
D’Etüd weist, datt d’Verhütung beim éischte Geschlechtsverkéier éischter selbstverständlech ass: 68 Prozent vun de Befrote ginn un e Verhütungsmëttel benotzt ze hunn. 26 Prozent ginn un an de leschten 12 Méint Kondomer (fir Männer) benotzt ze hu respektiv hu 17 Prozent d’Pëll (fir Fraen) geholl.
91 Prozent vun de Befrote soen, datt si gutt Kenntnisser iwwer Verhütung hätten, trotzdeem wëssen zum Beispill 38 Prozent net, wéi eng Verhütungsmëttele mëttlerweil gratis sinn.
89 Prozent si mat hirer Verhütung zefridden.
Weider weist d’Etüd, datt ronn 17 Prozent vun de befrote Fraen uginn hunn, am Laf vun hirem Liewen ee Schwangerschaftsofbroch gemaach ze hunn.