arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reaktiounen op de Regierungs-Aus vum Georges Mischo

Regierung

|
headphones

5 min

Reaktiounen op de Regierungs-Aus vum Georges Mischo

Dem Georges Mischo seng Deeg an der Regierung si gezielt: De Luc Frieden huet ugekënnegt, datt hie seng Demissioun als Aarbechts- a Sportminister agereecht huet. D'Reaktiounen dorop hunn net laang op sech waarde gelooss.

headphones

5 min

Dem Georges Mischo seng Deeg als Minister si gezielt. | © European Union
Dem Georges Mischo seng Deeg als Minister si gezielt. (Foto: European Union)

Patrick Dury: Relatioun mam Marc Spautz kann nëmme besser ginn

Den LCGB-President Patrick Dury huet am 100,7-Interview betount, datt et kee Geheimnis gewiescht wier, datt d'Relatioun tëschent de Gewerkschaften an dem Ex-Aarbechtsminister net déi bescht gewiescht wier. Dat sech dat mat sengem Nofollger - dem Marc Spautz - bessere wäert, dovunner ass de Gewerkschaftler iwwerzeegt.

"Ech kann do nëmme soen, dass ech iwwerzeegt sinn, dass dat méi konstruktiv gëtt. Dass mir u sech e Mënsch hunn, deen d'Gewerkschafte kennt, deen u sech den Dossier, deen d'Matière ganz gutt kennt. An ech mengen, ech ka ganz kloer soen, dass mir och ganz konstruktiv un dee Wiessel do ruginn, fir am Sënn vun de Leit kënnen hei am Land eppes ze erreechen."

play_arrow De Patrick Dury

UEL: Disukussioune mam neie Minister viruféieren

De Marc Wagener vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises UEL gëtt am 100,7-Interview ze verstoen, datt ee weiderhi kloer Iddien, Virstellungen, a Proposen huet, wat aktuell Diskussiounen am Secteur vun der Aarbecht uginn. Dat betreffen d'Aarbechtszäiten, alles wat d'Organisatioun vun der Aarbecht ugeet, an och de Plan d'organisation du travail.

"Mir erwaarden eis, dass mir och mat engem nächsten Aarbechtsminister da weider un deenen Dossieren do kënne schaffen an och kënne virukommen. Dat ass dat, wat eis all Dag animéiert."

Mam Ex-Minister Mischo wier een nämlech rezent méi an den Detail gaang, wat eenzel Sujeten ubelaangt. 

play_arrow De Marc Wagener

Taina Bofferding: Et ass een net "schadenfroh"

An enger éischter Reaktioun op de Regierungs-Aus vum Georges Mischo huet d‘LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding erkläert, datt een net "schadenfroh" wier, mee esou eng Decisioun géif respektéieren. Déi wier geholl ginn, well eppes net de Reegelen no gelaf wier.

Et géif och net just ëm den Dossier Sportsmusée goen, mee ëm de Cumul vu Pannen, ënner anerem beim Sozialdialog. 

Wat ass beim Projet Sportsmusée schifgelaf?

Nom Récktrëtt vum Georges Mischo als Aarbechts- a Sportminister wier et wichteg ze klären, wat bei deem ronn 30 Milliounen Euro Projet Sportsmusée schif gelaf ass, esou den LSAP-Deputéierten a President vun der Budgetskontrollkommissioun, de Franz Fayot.

Dat och wann den CSV-Politiker net eleng wéinst dem Projet Sportsmusée zeréckgetrueden ass.

D’LSAP Fraktioun hat d’Propos gemaach fir de Sujet Sportsmusée haut um Méindeg op den Ordre du Jour vun der Chamberkommissioun ze setzen. De Finanzminister Gilles Roth an de Georges Mischo waren net bei der Chamberkommissioun dobäi.

Franz Fayot: "Keen einfachen Dag"

De President vun der Kommissioun, de Franz Fayot, hat déi zwee CSV-Ministeren nom Récktrëtt vum Georges Mischo ausgelueden. Och aus mënschleche Grënn, wéi den LASP-Deputéiert sot. 

"Ech mengen, et ass keen einfachen Dag, haaptsächlech fir ee Minister, deen haut dann demissionéiert huet. An ech mengen, dass mir deen Dossier och kënnen anescht opschaffen an trotzdeem eis Aarbecht grëndlech maachen."

play_arrow De Franz Fayot

D’Deputéiert vun der Oppositioun hunn an der zoustänneger Kommissioun haut um Méindeg Froen zesummegedroen, déi an engem nächste Schrëtt sollen un d’Regierung weidergeleet ginn.

Luc Frieden wosst näischt vum Protocole d'accord - Kritik vun déi gréng

De Georges Mischo hat de Projet Sportsmusée leschte Freiden zeréckgezunn. Hien hätt net wëllen e Projet weiderféieren, dee schonn am Viraus esou hefteg kritiséiert gëtt. Dat sot den CSV Minister am 100,7 Interview.

De Premier Luc Frieden hat de Moie virun der Press dementéiert, eppes vum Protocole d’accord, deen tëscht dem Sportsministère an dem Promoteur IKO am Mee dëst Joer ënnerschriwwe gi war, gewosst ze hunn.

Dës Aussoe virun der Press vum Premier Luc Frieden zu senge Kenntnisser am Dossier Sportsmusée géif Froen opwerfen, seet d'Sam Tanson vun déi gréng. Zënter Woche géif nämlech iwwer den Dossier Sportsmusée an der Chamber, grad ewéi an der Press, geschwat ginn. Si fënnt dem Premier Luc Frieden seng Ausso, net richteg iwwer deen Dossier am Bild ze sinn, schwiereg.

"Mee wat mech elo interesséiert, dat ass, wéi eng Informatioune krut de Regierungsrot am Virfeld vum Regierungsrot? Geet do rieds dovunner, dass de Promoteur, dee schlussendlech zeréckbehale ginn ass, schonn Aarbechte gemaach huet, respektiv och wäert zukünfteg Aarbecht maachen? A wann dat iergendwéi doraus ervir geet, dann ass awer meng Fro, firwat huet do kee gesot, wéi ass et mat engem Marché public?"

Marc Baum (déi Lénk): Och de Premier misst seng Konsequenzen zéien

D'Demissioun vum Aarbechts- a Sportsminister Georges Mischo wier iwwerfälleg: Där Meenung ass de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, mee domadder géif et net duergoen.

"De Georges Mischo huet wärend zwee Joer laang versicht, déi neoliberal Politik duerchzesetzen, déi de Premierminister Luc Frieden diktéiert huet. Hien ass domadder gescheitert. De Georges Mischo zitt dorauser seng Konsequenzen. An ech denken, datt am Fong och de Premierminister Luc Frieden seng Konsequenze misst zéien."

Weesentlech Projeten ewéi zum Beispill d'Sonndesaarbecht oder d'Ëffnungszäiten hätte mat dozou gedroen, datt Dausende Leit bei der grousser Manifestatioun am Juni mat op d'Strooss gaange sinn.

Nofollger heesche Spautz an Hansen

De Premier Luc Frieden hat um Méindegmoien ugekënnegt, datt de Marc Spautz de Georges Mischo als Aarbechtsminister soll ersetzen. D’Ministesch Martine Hansen soll nei Sportministesch ginn.

De Georges Mischo wäert rëm Deputéierten an der Chamber ginn, huet de Premier um Méindegmoie gemengt. Wien neie Fraktiounschef vun der CSV gëtt – als Nofollger vum Marc Spautz – léich an den Hänn vun der Fraktioun, esou de Luc Frieden.