Radioen

On air

Notturno  |  V/Z - Habadash Feat. Cathy Lucas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess wéinst Attentat à la pudeur: Neie Versuch um Stater Geriicht

Justiz

Prozess wéinst Attentat à la pudeur: Neie Versuch um Stater Geriicht

Um Stater Geriicht gouf et de Moien en neie Versuch, fir dem Nesat Bego de Prozess ze maachen. Den haut 45 Joer ale Mann war am Januar 2019, an Ofwiesenheet, zu 5 Joer Prisong verurteelt ginn. Et war him en Attentat à la pudeur op e Kand vun ënner 11 Joer, am Februar 2016, an engem Asylheem zu Féiz virgehäit ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi dat Urteel 2019 gesprach gouf, war de Mann op der Flucht. Enn 2020 war hie vu Lëtzebuerg op d’“Most wanted”-Lëscht vun Europol gesat ginn. Doropshin hat hie sech gestallt a gouf um Enn un de Grand-Duché ausgeliwwert.

Spill op Zäit

D’selwecht wéi zanter iwwer engem Joer huet et och haut geschéngt, datt de Nesat Bego op d’Zäit spillt. Dobäi sëtzt hien zanter August 2022 am Prisong Uerschterhaff, no 7 Méint zu Schraasseg. Haut huet hien um Ufank vun der Sëtzung gemengt, d’Presidentin vum Geriicht sollt vun dëser Affär ofgezu ginn. Si hätt an enger viregter Sëtzung gesot, hie géif hir op d’Nerve goen - wat d’Riichterin och zouginn huet. Dës Ausso wier inacceptabel, sou datt e faire Prozess net méiglech wier.

Affekot wärend Sëtzung kuerzzäiteg verschwonnen

No villem Hin an Hier an e puer Ënnerbriechunge vun der Sëtzung ass dunn de Me Paris, Affekot vum Nesat Bego, ouni e Pipcheswuert ze soen, verschwonnen. No enger décker hallwer Stonn koum hien zeréck an huet sech vu sengem Client e puer Säiten ënnerschreiwe gelooss. Déi Säite waren op franséisch, eng Sprooch, vun där den Ugeklote bis elo näischt wësse wollt.

D’Äntwert vum Affekot op eng Fro dozou vun der Presidentin vum Geriicht war “Il me fait confiance”.

Suite am Hierscht

Wéi den Affekot dunn nees aus dem Sall wollt goen, ouni en Toun vu sech ze ginn, huet d’Riichterin gefrot, wat et mat deene Säiten op sech hätt: Den Affekot huet doropshi geäntwert, hie géif d’Ofleenung vun der Presidentin elo deposéiere goen.

Kuerz virun enger Zeienausso vun engem Psycholog huet d‘Presidentin vum Geriicht decidéiert de Prozess bis op Weideres auszesetzen. D’Suite dierft fir den Hierscht sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Justiz