arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm Policegewalt: Affekote vu 4 suspendéierte Poliziste fuerderen Fräisproch

Stater Geriicht

|
reading time

1 min

Prozess ëm Policegewalt: Affekote vu 4 suspendéierte Poliziste fuerderen Fräisproch

Déi Faiten, déi de véier suspendéierte Poliziste reprochéiert ginn, wieren net beluecht, esou hir Affekoten an de Plädoyeren de Mëtteg um Stater Geriicht.

reading time

1 min

Dogéint hat d’Vertriederin vum Parquet gëschter Prisongsstrofe vun tëschent dräi a sechs Joer fir den Haaptbeschëllegten Tom D. an d’Matugeklote Joé K., Rick S. an André A. verlaangt. Dat wéinst Tortur, Justizbehënnerung a Fälschung.

Den Tom D. soll am Mee 2023 e Mann, dee voll war, e puermol geschloen hunn. De Joé K. an de Rick S. wieren dobäi gewiescht. Den André A. soll no der Dot mat probéiert hunn, fir se ze vertuschen.

Déi Véier waren zwee Méint drop festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. An der Suite dovu goufe si suspendéiert. D’Urteel an dëser Affär gëtt de 25. Juni gesprach.