Déi zoustänneg Justizautoritéiten, d‘Police an den Ombudsman a senger Funktioun als contrôleur externe des lieux privatifs de liberté goufen informéiert an eng juristesch Enquete gouf opgemaach.
Eng Persoun gouf iwwerdems virun zwee Deeg festgeholl, well se probéiert hat Drogen an de Prisong eranzeschmuggelen. Dat deelt de Parquet haut mat. Bei enger Visitt vun engem Prisonéier, gouf bei der concernéierter Persoun ee wäisst Polver an der Boxentäsch fonnt, wat sech duerno als Opioid rausgestallt huet.
D‘Police judiciaire an de Parquet goufen direkt informéiert. De betraffene Visiteur gouf festgeholl an engem Untersuchungsriichter virgeféiert.
De Parquet ënnersträicht, datt d‘Aféiere vun Drogen an e Prisong eng schwéier Strofdot ass, déi zu enger Festnam a strofrechtleche Suite féiert.