Fir de Vertrieder vum Parquet stelle sech an dëser Affär zwou zentral Froen.
D'Fro vun der Stabilitéit
Déi éischt wier déi, wéi d’Äisskulptur ëmfale konnt. Dozou wier et komm, well sech de Kënschtler, deen d’Skulptur geschafen hat, keng Suergen doriwwer gemaach hätt. Si hätt op ale Pallette gestanen, soudatt d’Struktur vun Ufank un onstabel gewiescht wier.
De Kënschtler wier dofir responsabel fir d’Accident a sollt ee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof kréien. Vu sengen zwee Mataarbechter wier ee mat responsabel, wann och manner, soudatt deen zu sechs Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof ze condamnéiere wier. Deen Zweete wier fräizespriechen.
D'Fro vun der Ofsécherung
Déi zweet Fro wier déi, firwat et keng Ofspärung gouf. E Responsabele fir Evenementer beim LCTO hätt als Eenzege gewosst, wéi héich d’Skulptur wier. Well déi Informatioun awer net weidergoung, hätt kee sech responsabel gefillt fir d’Sécherheet vum Public. Dee Mann sollt zu néng Méint Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof verurteelt ginn an den LCTO zu enger Geldstrof, well hie mat responsabel war fir de Manktem u Sécherheet.
Zwee weider LCTO-Beschëllegt an dräi Ugeklote vun der Stater Gemeng wieren dogéint fräizespriechen.
De Papp vum klenge Jong, dee vum Fach ass, huet betount, datt een net um Geriicht wier, wann iergendeen d’Skulptur ofgeholl hätt. Hien hätt de Verantwortleche vertraut, an nom Accident wieren hien a seng Famill vun der Stater Gemeng vergiess ginn.
D’Me Condrotte, Affekotin vun der Famill vum Bouf, huet dann och fir d’Elteren a fir néng aner Familljemembere vum Jong eppes méi wéi 710.000 Euro Schuedenersatz gefrot.