arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess wéinst déidlechem Accident: Den Haaptartist gouf an d’Kräizverhéier geholl

Accident mat Äisskulptur

|
reading time

2 min

Prozess wéinst déidlechem Accident: Den Haaptartist gouf an d’Kräizverhéier geholl

Um zweeten Dag vum Prozess wéinst dem déidlechen Accident, am November 2019 um Stater Chrëschtmaart, gouf den Haaptartist vun der Äisskulptur an d’Kräizverhéier vun Affekote geholl.

reading time

2 min

© picture alliance / imageBROKER | alimdi / Arterra / Philippe Clém
(Foto: picture alliance / imageBROKER | alimdi / Arterra / Philippe Clém)

D’Affekote vun den Ugeklote vun der Stater Gemeng a vum Tourismusbüro LCTO hunn him Froe gestallt iwwer de Standuert vun der Skulptur.

E Stéck vun där Äisskulptur war jo deemools op e Jong vun zwee Joer gefall, deen hat d’Accident net iwwerlieft. Néng Beschëllegter an den LCTO (Luxembourg City Tourist Office) kréie wéinst ënner anerem Homicide involontaire elo de Prozess gemaach.

Wou hätt d'Äisskulptur misste stoen?

Den Haaptkënschtler huet haut widderholl, datt d’Skulptur mam Réck hätt sollte widder eppes stoen. Hien hätt net gewollt, datt een tëschent der Äisskulptur an der Äispist kéint erduerch goen.

Vun engem elo Matugekloten hätt hie gesot kritt, fir d’Skulptur wier déi selwecht Plaz wéi d’Joer virdru virgesinn. Et wier awer net déi nämmlecht Plaz gewiescht, an hien hätt geduecht, d’Pente do wier minimal.

De Kënschtler hätt sengerzäit erkläert, datt d’Äisskulptur fale kéint, wann et zu Gedrécks kéim. Dowéinst hätt kee sollen hannendrun erduerch goen. Kuerz nom Accident 2019 hätt hie vun engem aneren elo Matbeschëllegten ugeruff kritt: Hien hätt deem Mann gesot, datt d’Skulptur net hätt dierften do stoen. Hien hätt dunn nach net gewosst, wat geschitt war. Haut géif hien esou en Optrag annuléieren.

Me Urbany: Diskussioun iwwer Pente néideg

D’Affekote vum Matugeklote ware mat deenen Aussoen net d’Accord. Fir de Me Urbany, Affekot vun zwee Matbeschëllegten, géif eng absurd Diskussioun doriwwer gefouert ginn, datt d’Äisskulptur hätt missen enzwousch widder stoen.

Villméi wier eng Diskussioun iwwer d’Pente ze féieren. D’Skulptur hätt misse riicht stoen, esou de Me Urbany, fir dee sech och d’Fro stellt, ob et net méi geféierlech gewiescht wier, wann d’Äisskulptur widdert der Äispist gestanen hätt.

Wouropshin den Artist viru Geriicht betount huet, hien hätt gesot kritt, et misst e Passage bleiwen. Hien hätt och geduecht, datt Sécherheetspersonal do wier. "Firwat brauch et dat, wa keng Gefor besteet?", huet de Me Rollinger, Affekot vun engem Matugeklote gefrot. D’Skulptur wier och ouni Beréierung gefall.

Entschëllegung bei den Elteren

Um Enn huet sech den Äiskënschtler bei den Eltere vum Bouf entschëllegt, well hie wéinst der Skulptur net genuch insistéiert hätt.

Dëse Prozess geet muer Mëttwoch virun.