Eng brisant Ausso huet direkt um éischte Prozessdag ee vun deenen dräi ugekloten Artiste gemaach.
De Mann aus Frankräich, deen d’Skulptur mat geschaf hat, huet virum Riichter erkläert, datt hien deemools iwwerraschent gesot kritt hätt, d’Skulptur misst op eng aner Plaz stoe kommen, wéi hie geduecht hätt. Hien hätt direkt gesot, datt dat net méiglech wier, an datt d’Aisskulptur misst mam Réck zu enger Mauer stoen.
Ob de Buedem riicht wier gouf net gemooss
Et hätt een insistéiert an hie géif et haut natierlech bedaueren, deemools noginn ze hunn. De Mann huet erkläert, datt d’Ongléck hien all Dag géif verfollegen, an datt hien haut vill méi virsiichteg wier.
Hien huet op Nofro hin zouginn, datt een deemools zum Beispill net nogemooss hätt, op de Buedem an deem Beräich, wou de Sockel placéiert ginn ass, riicht genuch wier. Dat hätt ee just visuell gepréift.
Wéi et zu der Katastroph komme konnt, kéint hie sech trotzdeem net erklären. Déi eenzeg Explikatioun fir hie wier, datt eng Drëttpersoun intervenéiert wier. Dofir leie bis ewell allerdéngs keng Indicë vir.
Aussoe vum Artist widdersprieche sech mam Experterapport
De Riichter huet sech erstaunt gewisen, datt ee mat esou risegen Äisbléck kéint hantéieren, ouni datt et speziell Virgabe ginn. Hien huet och drop higewisen, datt d’Aussoe vum Ugekloten de Rapporte vun den Experte géife widderspriechen. Dës wäerten an enger anerer Sëtzung thematiséiert ginn.
Virun dësem éischten ugekloten Artist waren am Prozess schonn dräi Zeie befrot ginn, dorënner d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Dobäi ass et an éischter Linn ëm d’Fro gaangen, wien an dësem Fall fir d’Sécherheet zoustänneg war.
Hei hu sech d’Aussoe vun den eenzelnen Befroten deels widdersprach. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet virum Riichter erkläert, datt et bei der Organisatioun vun esou Evenementer tëschent Stad Lëtzebuerg a Luxembourg City Tourist Office zu där Zäit deels Onkloerheete bei den Zoustännegkeete ginn hätt. Grondsätzlech wier d’Stad Lëtzebuerg fir d’Sécherheet zoustänneg.
An dësem Fall hätt awer den LCTO d’Artisten erausgesicht an deemno den Optrag ginn. D’Stad Lëtzebuerg hätt just gemaach, wat se vum LCTO gefrot gi wier.
Stad an LCTO oneens bei der Responsabilitéit
Fir d’Sécherheet konkret vun dëser Statuen hätten et keng spezifesch Virgabe ginn. Den Artist selwer hätt och hätt keng zousätzlech Mesuren ugefrot.
D’Stad géif kucken, op déi Virgaben, déi et ginn, och agehale ginn. Et hätt een sech do och op d’Erfarungen an d’Professionalitéit vun den Artiste verlooss, esou d’Buergermeeschtesch. D’Artiste waren iwweregens scho fir déi drëtte Kéier gebucht ginn.
De Riichter huet sech mat dësen Erklärungen net ganz zefridde gewisen a gefrot, ob bei enger zwou Tonne schwéierer Statue net hätt missen eng Evaluation de Risque gemaach ginn. Der Lydie Polfer no hätt een sech nodréiglech d’Fro gestallt, ob d’Skulptur hätt missten ofgeséchert ginn. Mee hei wier et ebe grad d’Iddi gewiescht, eng partizipativ Skulptur ze schafen.
Als Zeien zu Wuert koumen op dësem éischte Prozessdag awer och de fréiere Chef vum Service des Fêtes et marchés bei der Stad Lëtzebuerg, esou wéi de fréiere Verantwortleche fir Evenementer beim LCTO. Si hunn allebéid ausgesot, datt d’Sécherheet ganz kloer an der Zoustännegkeet vun der Stad Lëtzebuerg geleeën hätt – net beim LCTO.
Ugeklot sinn déi néng Beschëllegt ënner anerem wéinst homicide involontaire. De Prozess geet muer weider a soll nach dräi Wochen daueren.