arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presseprozess Grotz géint reporter.lu: Geschäftsmann muss Kautioun bezuelen

Justiz

|
reading time

1 min

Presseprozess Grotz géint reporter.lu: Geschäftsmann muss Kautioun bezuelen

De Geschäftsmann Pierre Grotz muss an engem Presseprozess géint reporter.lu eng Kautioun vun 10.000 Euro bezuelen. Dat am Hibléck dorop, datt hien eventuell an der Suite vun der Affär zum Bezuele vu Schuedenersatz condamnéiert gëtt.

reading time

1 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

Dat war d’Urteel vun der Référésriichterin an der Stad, wat d’Klo vum Geschäftsmann géint reporter.lu an eng Journalistin vum Online-Magasinn ugeet.

Wann déi Kautioun bis bezuelt ass, da kann d’Affär a knapp dräi Wochen nees op d’Geriicht kommen, heescht et an där Ordonnanz.

Affär geet op en Artikel Enn Februar zeréck

Enn Februar hat reporter.lu en Artikel iwwert de Pierre Grotz publizéiert, well deen an Ofwiesenheet - wéinst schwéierem Steierbedruch - zu enger Geldstrof vun 200.000 Euro verurteelt gi war. Dee war doropshin geriichtlech géint den Artikel virgaangen, an hat d’Journalistin an den Online-Magasinn ugesicht.

Affekote vu reporter.lu reagéieren

An den Ae vun den Affekote vu reporter.lu a vun der Journalistin ass dëst eng weider positiv Decisioun, déi d’juristesch Sécherheet vu Journalisten an de Medie verstäerkt. An engems géif si ofschreckend wierken, wat d’Lancéiere vu sougenannte SLAPP-Kloe géint d’Press ugeet.

Esou gi Kloe genannt, mat deene kritesch Stëmme sollen intimidéiert oder ënnerdréckt ginn, wa si sech an Affäre vun ëffentlechem Intressi zu Wuert mellen. D’Zil vu sou Kloen ass et net, fir e Prozess ze gewannen, mä fir d’Participatioun un enger ëffentlecher Debatt ze verhënneren.