D’Cour administrative hat d’Affär virun 3 Méint dunn an déi éischt Instanz zréckgeschéckt. Déi huet elo an hirem Urteel festgehalen, datt et zu engem Recalcul vum Fernand Kartheiser senger Pension spéciale fir Deputéierte misst kommen.
Dobäi soll dem Fait Rechnung gedroe ginn, datt hien am Oktober 2015 am Ausseministère an den Déngschtgrad 18 komm wär. Säin Dossier soll dofir zréckgoe bei den CSV-Fonction publiques-Minister Serge Wilmes.
Den Europadeputéierten hat argumentéiert, an der Zäit vu sengem nationalen Deputéiertemandat eben net an deen Déngschtgrad 18 komm ze sinn, wat sech negativ op seng Pensioun auswierke géif. Den deemolegen DP-Fonction publiques-Minister Marc Hansen hat eng entspriechend Demande vum Fernand Kartheiser zeréckgewisen.