Um Tribunal administratif. Hei war decidéiert ginn, datt hie sollt ofgesat ginn, elo gouf op der Cour administrative entscheet, datt hien an d’Pensioun sollt zwangsversat ginn.
De Philippe Schaack war jo beim SREL entlooss ginn, well hien op eng Sécherheetslacune opmierksam gemaach hat an doropshi wéinst Geheimnisverrot verurteelt gouf.
An hirem 51 Säite laangen Urteel halen d’Riichtere vun der Cour administrative ënnert anerem fest, dass de Philippe Schaack dem lettesche Geheimdéngscht Informatioune kommunikéiert hätt, déi zum Deel geheim waren.
Grave Repercussioune fir de SREL an de Lëtzebuerger Stat
Et goung ëm Sécherheetsenquêtë beim SREL, déi net konform wieren zu den NATO-Normen. Den Ex-Geheimdéngschtler hätt dat gemaach, fir fir Polemik ze suergen a fir e sensibelen nationalen Debat ze internationaliséieren.
Dat Verhale vum Philippe Schaack hätt zu engem Malaise am Geheimdéngscht gefouert, an d’Repercussioune fir de SREL an de Lëtzebuerger Stat wäre besonnesch grave gewiescht.
Seng Demarche, fir Kontakt opzehuele mam lettesche Geheimdéngscht, wär och net am Kader vu senge gewerkschaftlechen Aktivitéiten ze gesinn, sou d’Cour administrative. De SREL-Mataarbechter hat déi Informatiounen net weider ze ginn.
De Fait, datt et awer dozou koum, hätt de Service a säi Fonctionnement diskreditéiert, soudass en evidente Schued entstane wär. D’Riichtere gesinn am generelle Verhale vum Philippe Schaack och e Mépris géintiwwer den interne Fonctionnementsregelen.
"Renommée vum Land geschuet"
A puncto Strofmooss wären d’Faiten, déi dem Philippe Schaack virgehäit ginn, vun enger “gravité certaine”. Hien hätt dem Image an der Renommée vum Land geschuet an donieft kee Bereie gewisen. Dofir kéint hien net am ëffentlechen Déngscht bleiwen.
Wéinst senger Anciennetéit vun 19 Joer beim Geheimdéngscht a well et keng disziplinaresch Virgeschicht gouf, wier d’Revocatioun allerdéngs eng ze haart Strof, dofir sollt et éischter zu enger Mise à la retraite d’office kommen.
Am Géigesaz zum Urteel vum Tribunal administratif, dat aus, wéi et sengerzäit housch, “Grënn vun der nationaler Sécherheet” net fir d’Press disponibel war, ass dat vun der Cour administrative um Site vun der Justiz ze fannen.