Geschäftsmann Pierre Grotz muss reporter.lu an hirer Journalistin 3.500 Euro bezuelen
Am Presseprozess vum Pierre Grotz kruten d'Journalistin an den Online-Magasinn reporter.lu um Référésgeriicht an der Stad Recht. An hirer Ordonnanz huet d'Riichterin festgehalen, datt de Geschäftsmann der Journalistin an dem Magasinn eng Indemnité de procédure vu jeeweils 3.500 Euro bezuele muss.
Enn Februar hat reporter.lu een Artikel iwwer de Pierre Grotz publizéiert, well deen an Ofwiesenheet wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof vun 200.000 Euro verurteelt gi wat.
De Geschäftsmann war doriwwer net frou, an hat d'Journalistin an den Online-Magasinn ugesicht. Am Référésprozess hat den Affekot vum Pierre Grotz gefuerdert, den Artikel sollt geläscht ginn. Dozou kënnt et also net.