An der éischter Affär goung et ëm eng verdächteg Immobiliëvente, am Januar/Februar 2021, bei där de Proprietär iwwert d’Ouer gehae gouf. D’Affer hat e Verkafskontrakt vun 200.000 Euro fir säin Haus am Neiduerf virgeluecht kritt, ma dat war op d’mannst 828.000 Euro wäert.
An der zweeter Affär goung et ëm Immobilien an Investisseuren aus Aserbaidschan. Iwwer de Kont vun der Nottär ware Virementen an Héicht vun zesumme bal 1,95 Milliounen Euro gelaf, fir de Kaf vu Quotes-parten an engem Gebai, dat ze baue war.