Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
search

/ Prozess ëm Aarbechtsaccident: Parquet freet Geldstrofen

Justiz

Prozess ëm Aarbechtsaccident: Parquet freet Geldstrofen

Eng Geldstrof vun 20.000 Euro an eng vun 10.000 Euro, fir déi zwou ugeklote Firmaen. Dat huet d’Vertriederin vum Parquet de Moien um Stater Geriicht am Zesummenhank mat engem déidlechen Aarbechtsaccident, am Mee 2017, um Kierchbierg gefrot.

auto_stories

1 min

© unsplash

Op engem Schantjen no beim Rond-point Serra war deemools en Aarbechter ënner enger Stee vu 6 Meter Héicht an enger Tonn begruewe ginn, déi ëmgefall war. De Mann vun 41 Joer war op der Plaz dout. Dëse Prozess kënnt muer op en Enn.