Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Björn Höcke steet viru Geriicht

Justiz

De Björn Höcke steet viru Geriicht

De Björn Höcke, ee vun de radikaalste Personnagen aus der AfD steet haut zu Halle viru Geriicht. De Chef vun der Thüringer AfD soll an zwou Riede verbueden Devisë vun der Sturmabteilung benotzt hunn, der paramilitärescher Kampforganisatioun vun der NSDAP.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Hien ass ugeklot wéinst dem Gebrauch vu Kennzeeche vu verfassungswidregen an terroristeschen Organisatiounen. Den Höcke selwer huet erkläert, hien hätt net gewosst, woubäi et sech bei der Parol géif handelen.

De Politiker wëllt den 1. September bei der Landtagswal als Spëtzekandidat fir d‘AfD untrieden, déi an Thüringen als geséchert rietsextrem agestuuft gëtt.