Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ New York: Optakt vum Prozess géint den Donald Trump

USA

New York: Optakt vum Prozess géint den Donald Trump

Zu New York fänkt haut en historesche Prozess géint Donald Trump un. Et ass den éischte Strofprozess géint e fréieren US-President. Den Donald Trump ass ënner anerem wéinst Fälschung vun Dokumenter ugeklot.

auto_stories

1 min

Am Mëttelpunkt sti Suen, déi hien 2016, kuerz virun senger Wal als President, un déi fréier Porno-Actrice Stormy Daniels bezuelt hat. Si hat 130.000 US-Dollar kritt fir näischt iwwer eng presuméiert Affär mam Donald Trump an der Ëffentlechkeet ze erzielen. De Prozess fänkt um 4 Auer de Mëtteg eiser Zäit un.

De Prozess kéint vill Afloss op dem Donald Trump seng Chancen hunn, nach emol US President ze ginn. Hie kandidéiert nach emol fir d‘Republikaner. Nieft dem Strofprozess ginn et nach aner juristesch Prozedure géint den Donald Trump. Hie konnt dat bis elo awer och zu senge Gonschte gebrauche a politescht Kapital aus de Geriichtsaffäre schloen.