Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Flutkatastroph am Arthal: Enquête vum Jürgen Pföhler gouf fale gelooss

Justiz

No Flutkatastroph am Arthal: Enquête vum Jürgen Pföhler gouf fale gelooss

Méi wéi zwee an een halleft Joer no der déidlecher Flutkatastroph am Ahrtal an Däitschland, gouf elo d‘Enquête géint de fréiere Landrat aus dem Ahrtal fale gelooss.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert

Den CDU-Politiker Jürgen Pföhler stoung am Verdacht, an der Suite vun de schroen Iwwerschwemmungen am Joer 2021, net adequat gehandelt ze hunn. Géint hie war wéinst Verdacht op Homicide involontaire a farlässeg Kierperverletzung enquêtéiert ginn. Déi Virwërf goufen elo fale gelooss.

Bei där Flutkatastroph waren 136 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Eng Persoun gëllt nach ëmmer als vermësst.