Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Succès fir d'Schwäizer KlimaSeniorinnen: Wat bedeit dat Urteel?

Europäescht Geriicht fir Mënscherechter

Succès fir d'Schwäizer KlimaSeniorinnen: Wat bedeit dat Urteel?

Fir d‘éischte Kéier hat eng Klimaklo Succès virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. D’Schwäizer KlimaSeniorinnen hate géint de Schwäizer Staat geklot. Greenpeace Lëtzebuerg schwätzt vun engem historesche Geriichtsurteel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Si wiere wéinst hirem Alter besonnesch vum Klimawandel betraff. Domat wieren hir Rechter aus der europäescher Mënscherechtskonventioun verletzt, esou d’Argument vum Veräin, deen eng 2.000 Memberen zielt.

Klimaschutz gëllt dem Urteel no als Mënscherecht

D‘Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter en Faveur vun de KlimaSeniorinnen kéint ee Prezedenzfall fir weider Klimaplainte schafen. Dat mengt och d’Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg.

„Virun allem, well festgestallt gouf vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff, datt Klimaschutz e Mënscherecht ass.“

Dat géif bedeiten, datt all d‘Staaten, déi d‘Mënschrechtskonventioun ënnerschriwwen hunn, dozou verflicht sinn, alles ze maachen, fir hir Bierger virun den Auswierkunge vum Klimawandel ze schützen.

Verflichtunge fir d'Schwäiz

Aus dem Urteel géife sech elo och Verflichtunge fir d’Schwäiz erginn, seet d’Martina Holbach.

"Dat heescht, an der Schwäiz muss elo gekuckt ginn, wat fir Moyenen d‘Autoritéiten an d‘Ministère mussen an d‘Weeër leeden, fir datt d‘Schwäiz hiert Zil, wéi et am Paräisser Klimaschutz-Ofkommes festgeschriwwen ass, anzehalen."

D’Martina Holbach hofft, datt sech elo och Veräiner zu Lëtzebuerg encouragéiert fillen, aktiv ze ginn a sech viru Geriicht fir hir Rechter fir méi Klimaschutz asetzen.

Kloe musse fondéiert sinn

Ganz einfach wier dat awer net. D‘KlimaSeniorinnen hätten dat seriö zënter 2016 gemaach.

„Dat ass jo e Verfare wat scho relativ laang lo leeft an immens vill wëssenschaftlech Expertise matbréngt. An dat ass natierlech kloer, et muss séchergestallt ginn, datt esou Kloen och fondéiert sinn.“

Hei am Land huet sech virun zwee Joer iwwerdeems d‘Associatioun “Seniors For Climate Luxembourg” gegrënnt. De Grupp huet sech um Beispill vun de schwäizer KlimaSeniorinnen inspiréiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Justiz
Ëmwelt