Radioen

On air

Notturno  |  Them Lights - Got No

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schutz vum Reebësch a géint d‘Ofholzen: EU verréckelt ëmstriddent Gesetz ëm ee Joer no hannen

Europäesch Unioun

Schutz vum Reebësch a géint d‘Ofholzen: EU verréckelt ëmstriddent Gesetz ëm ee Joer no hannen

D‘EU wëll een ëmstriddent Gesetz fir de Schutz vum Reebësch a géint d‘Ofholzen ëm ee Joer no hanne réckelen. D‘Parteie solle wéinst de Réckmeldunge méi Zäit kréien, esou d‘Begrënnung.

auto_stories

1 min

Europäesch Fändele virun der Kommissioun | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

D‘Gesetz gesäit vir, datt zum Beispill Kaffi, Soja oder Palmueleg just nach an der EU verkaf dierfe ginn, wann dofir no 2020 keng Bëscher ofgeholzt goufen. Entreprisë missten eng entspriechend Suergfalts-Deklaratioun ofginn, oder mat héije Strofe vun op d‘mannst 4 Prozent vum Joresëmsaz rechnen.

Aus der Wirtschaft an iwwer Parteigrenzen eraus war d‘Propos kritiséiert ginn. Datt se elo no hanne verréckelt soll ginn ass Ëmweltorganisatiounen een Dar am Aen: D‘Ursula vun der Leyen hätt genee sou gutt selwer d‘Kettesee an de Grapp kënnen huelen, esou ee Spriecher vu Greenpeace.