Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Underneath My Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ It’s the world, stupid!

Fräie Mikro

It’s the world, stupid!

Viru bal 10 Joer ass de bekannte Soziolog Ulrich Beck gestuerwen. A sengem posthume Buch “Die Metamorphose der Welt” huet hie gewise wéi d’Welt, an där mir liewen, sech net nëmme verännert mee metamorphoséiert, an eng Weltrisikogesellschaft. Amplaz éiwege Gewëssheeten nozetraueren huet hien eis opgefuerdert, dat Neit ze ënnersichen an zesummen nozedenken iwwer Strukturen an Norme vun der Zukunft am Duerchernee vun haut. E brandaktuelle Message fir den Denis Scuto.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Denis Scuto | © Jo Diseviscourt play_arrow

Dëse Summer hate mer als Fuerschungszentrum vun der Uni Lëtzebuerg, dem C2DH, eisen Ausfluch an de Lëtzebuerger Wäibierger. Am Gespréich mam Wënzer huet en eis erkläert, wéi e mam Klimawandel ëmgeet, senge Geforen an och senge Chancen. Wat mer direkt opgefall ass, ass datt e global denkt an zum Beispill nei Riefzorten aus méi südleche Géigende wéi dem Merlot uplanzt an op der anerer Säit anengems Wäin an anere Länner ubaut fir en dann hei ze verkafen.

Ech hu missen un d’Buch vun engem Soziolog denken, deen eis – ze fréi – viru bal 10 Joer, den 1. Januar 2015, verlooss huet, den Ulrich Beck, deen a sengem posthum verëffentlechte Buch “Die Metamorphose der Welt” weist wéi de Klimarisiko déi 2.000 Joer al Héichkultur vum Wäibau an Europa trëfft an anengems nei Handlungsméiglechkeeten opmécht, wann een iwwert den nationalen Tellerrand kuckt.

De Beck war bekannt gi mat sengem Buch Risikogesellschaft vun 1986. Hien huet deen Term gebraucht well d’Produktioun vu Räichtum, vu sougenannte goods wéi Wuelstand anengems mat grousse Risiken a Form vu bads wéi Ëmweltzerstéierung verbonnen ass. Aus der Risikogesellschaft vun 1986 ass haut d’Weltrisikogesellschaft ginn. A wärend ee goods kann nationalstaatlech steieren, brieche bads a Form vu globale Risike mat deem Kader.

Fir de Beck logesch: Méi global a méi nationalistesch

D'politesch Aktualitéit vum Rescht vum Summer, markéiert vun den Erfolleger vun extrem nationalistesche Parteien a Frankräich, Däitschland, Eisträich a sou weider weist, wéi brennend aktuell dem Beck seng Analyse bleiwen. Wat paradox schéngt, eng ëmmer méi global Welt an ëmmer méi nationalistesch Attitüden, ass fir hien eng logesch Reaktioun. Fir Mënschen där hir Gewëssheeten um Nationalstaat, op hirer ethnescher Zougehéiregkeet oder hirer Relioun berouen, ass eng Welt zesumme gebrach. D’Verzweiwlung driwwer dreift si an d’Äerm vun nationalisteschen, sexisteschen a reliéise Fundamentalismen. Sech ofschotte stoppt awer net d’Globaliséierung vun de Risiken an ännert och näischt drun datt eis Handlungsraim a Gesellschafte kosmopolitesch sinn a bleiwen. Wann en Anti-Europäer vum Rassemblement national oder vun der FPÖ politesch visibel wëll sinn, muss e Member vum Europäesche Parlament ginn. Nationaalt Handele fënnt an engem globalen Zesummenhang statt: Dat zielt, wéi de Beck schreift, fir d’Fluchananas wéi fir de Kader vum FC Bayern München.

D'Staate musse gestalten

Egal wat fir ee Risiko mer eis ukucken, ob et de Klimarisiko, Naturkatastrophen oder den Aarmutsrisiko, sozial an ekonomesch Ongläichheete sinn, d’Äerd dréit sech net méi ëm d’Natioune mee d’Natiounen dréinen sech ëm d’Welt. Mir kommen net dolaanscht iwwert d’Chancen an d’Gefore vun internationale Risiken a Katastrophen nozedenken, déi jiddereen treffen. Sech ofschotte wéi nationalistesch Parteien et fuerderen ass keng Alternativ. Mee de Maart gewäerden a bestëmme loossen am Numm vun enger neoliberaler Interpretatioun vun der Globaliséierung och net. Am Géigendeel, seet de Beck: d’Metamorphos vun der Welt mat hire globale Risike gouf a gëtt duerch en nationaalt an internationaalt Net-Handelen net gebremst mee nach weider acceleréiert.

Wéi d’Wënzer op der Musel op hir Aart a Weis am Wäibau, a wéi si am Wëssen datt eis Handlungsraim onwidderrufflech lokal, national mee och global an international sinn, komme mer net dolaanscht no neien Handlungsméiglechkeeten ze sichen, a Wirtschaft, Gesellschaft wéi eis Liewensform nei ze erfannen.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.