Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dossier CMCM - Decisioun iwwer Référé vum André Heinen gouf nach eng Kéier verréckelt

Justiz

Dossier CMCM - Decisioun iwwer Référé vum André Heinen gouf nach eng Kéier verréckelt

De Référé iwwert d’Ofsetze vum André Heinen als Verwaltungsrotspresident vun der CMCM kënnt um Stater Geriicht net virun. De Moien huet d’Justiz decidéiert, datt dëse Référé den zweete Mee eng nächst Kéier drukéim, vu datt d’Affekote vun der CMCM a vun där hirer neier Féierungsekipp haut net do waren.

auto_stories

2 min

Den Affekot vum André Heinen sot no deem kuerzen Optrëtt, datt et kee Wäert hat, fir de Moien ze plädéieren, well ee bis den Owend keen Urteel kritt hätt. Et misst ee kucken, wat haut bei der Assemblée générale extraordinaire erauskéim, sou de Me Pierre Feltgen.

„Dat ka rock’n’roll ginn, dat kann awer och ganz gedam eriwwergoen. Dat hänkt ëmmer vum Bon vouloir vun deene betreffende Leit of.“

Schlussendlech missten d‘Memberen decidéieren an hie géif hoffen, datt do Membere wieren „déi de Kapp do hunn, wou se e sollen hunn“ an och deementspriechend Froe stellen. Sengem Mandant wier et op alle Fall ni ëm Funktioune gaangen, mee ëm d‘Saach.

Op enger ausseruerdentlecher Generalversammlung wier alles méiglech, och datt weder den André Heinen, nach de Gilbert Goergen, mee en Drëtten als „Gewënner“ vum Owend ervirgeet, huet den Affekot vum André Heinen betount. Den Owend ass d’ausseruerdentlech Generalversammlung vun der Caisse médico-complémentaire mutualiste, déi den André Heinen nach aberuff hat. Bei deem mat Spannung erwaarte Rendez-vous geet et jo ëm de Richtungssträit an d’Gouvernanceproblemer bei der CMCM. Zënter ronn zwee Méint gëtt et am Verwaltungsrot vun der Caisse médico-complémentaire mutualiste en oppene Sträit zu deene Froen.

Lauschterenplay_arrow