Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Cloth - Polaroid

play_arrow Live
search

/ Protestpiquet fir den Julian Assange an der Stad

“Fräiheet fir den Julian Assange”

Protestpiquet fir den Julian Assange an der Stad

“Fräiheet fir den Julian Assange” an “Don’t kill the messenger!" esou d’Fuerderunge vun der Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform bei enger Commemoratioun an der Mëttesstonn virun der Ambassade vu Groussbritannien hei an der Stad.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

A Groussbritannien decidéiert sech geschwënn, ob de Wikileaks-Grënner Julian Assange un d’USA ausgeliwwert gëtt oder net. Virum High Court zu London ass mar an iwwermar eng Unhéierung. Dbäi geet et ëm d’Fro, ob den Assange d’Méiglechkeet kritt, Appell géint d’Ausliwwerungsdecisioun vun der brittescher Regierung ze maachen.

D’US-Regierung geheit dem Julian Assange ënner anerem vir, 2010 geheimt Material iwwer Militärasätz am Irak an an Afghanistan verëffentlecht ze hunn. D’USA wëllen him de Prozess wéinst Spionage maachen, an hie riskéiert bis zu 175 Joer Prisong. Déi Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform huet bei hirer Aktioun haut op een Neits verlaangt, datt den 52 Joer alen Australier net un d’USA soll ausgeliwwert ginn.

D’Nathalie Oberweis vun der Friddensplattform huet an hirer Ried virun der brittescher Ambassade keen Appell un déi Lëtzebuerger Regierung geriicht. Duerno huet si erkläert, firwat net.

„Ech weess, datt schonn an der Zäit gefuerdert ginn ass, datt den Assange Asyl kritt, dat ass schonn e puer Mol gefuerdert ginn. Leider ass d’Regierung ni drop agaangen. Warscheinlech si meng Hoffnungen esou niddreg, mat der neier Regierung, datt iwwerhaapt eppes kéim, datt ech dat total vergiess hunn. Mee natierlech wier et ideal wann hie géif Asyl kréien, wa géif Drock ausgeüübt ginn op déi brittesch Autoritéiten. Mee mir maachen eis awer do keng grouss Hoffnungen.“

Kritik un der "hypokrytescher Haltung vum Westen"

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform bedauert och, datt de Comité vum Lëtzebuerger Journalisteverband ALJP decidéiert huet, bei der Aktioun vun haut net matzemaachen, seet de Raymond Becker vun der Friddensplattform.

„Mir verstinn et net, firwat dass ee Journalisteverband hei net gesot huet, ënnert iergendenger Form solidariséiere mir eis well et geet ëm d’Fräiheet vum Journalismus, eppes ze soe géint ee System, dee Feeler mécht, dat ze publizéieren.“

Bei der Aktioun vun haut huet d’Nathalie Oberweis och gesot, et géife Parallellen, tëschent de Fäll Alexej Nawalny an Julian Assange ginné. Si huet an deem Kontext eng hypokritesch Haltung vum Weste kritiséiert.

Lauschterenplay_arrow