Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Whispers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protester an Israel gi weider - Accord zu enger Waffepaus op leschter Ligne droite

Noen Osten

Protester an Israel gi weider - Accord zu enger Waffepaus op leschter Ligne droite

An Israel waren op en Neits dausenden Leit an de Stroossen an hunn eng direkt Wafferou an d‘Fräiloossung vun de Geisele gefuerdert. D‘Famillje vun de Geisele geheien dem Premier Benjamin Netanjahu zënter Méint wier, een Accord mat der Hamas ze torpedéieren.

auto_stories

1 min

Iwwerdeems ginn déi indirekt Verhandlungen iwwert eng Waffepaus muer zu Doha weider. Eng lescht Barrière um Wee dohinner wier d‘Fro ëm d‘Kontroll vun der Grenz tëschent der Gazasträif an Ägypten, mellt en israeeleschen Televisiounssender. D‘Hamas gehäit Israel vir, d‘Verhandlungen op dësem Punkt ze blockéieren.