Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel mat reegelméissege Waffepausen averstane fir géint Polio ze impfen

WHO-Impfcampagne an der Gazasträif

Israel mat reegelméissege Waffepausen averstane fir géint Polio ze impfen

An 3 Deeler vun der Gazasträif soll, noeneen, allkéiers 3 Deeg laang, vu moies bis nomëttes net gekämpft ginn.

auto_stories

1 min

Palestinian infant Abdul Rahman Abu Al-Jidyan, 11, who contracts polio, receives care from his mother and family inside a tent in a shelter for displaced people west of El-Zawaida in central Gaza Strip | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

D'EU hat esou Feierpausen an der Gazasträif gefuerdert, fir datt Kanner a Jonker géint Kinderlämung kënne geimpft ginn. Nodeems et 25 Joer laang kee Fall vu Kinderlämung méi am Palästinensergebitt gouf, ass de Virus elo erëm entdeckt ginn. Et misst verhënnert ginn, datt de Polio-Virus sech ausbreet an zu enger Epidemie géif ginn, esou d'EU-Ausseminister:innen um Bord vun hirem Treffen zu Bréissel.