Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Chambre Rouge (Noah Vert Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hamas-Leader soll haut begruewe ginn

Noen Osten

Hamas-Leader soll haut begruewe ginn

Den Ismail Hanija war de Mëttwoch an der iranescher Haaptstad Teheran ëm d'Liewe komm bei enger Attack, fir déi den Iran an d'Hamas Israel responsabel gemaach hunn.

auto_stories

1 min

Den Donneschdeg waren Dausende Leit bei enger Begriefniszeremonie zu Teheran. D'Hamas huet fir haut zu engem Dag vun der Roserei opgeruff. Den Iran huet mat enger Géigenattack gedreet, op déi Israel an d'USA sech elo astellen.

Den US-President Joe Biden huet dem israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an engem Telefonsgespréich verséchert, d'USA géifen Israel géint all Menacen aus dem Iran ënnerstëtzen.